De Gesetzesprojet gesäit och vir, datt de Buergermeeschter d'Méiglechkeet kritt enger Persoun den Zougang zu engem Gebitt vun der Gemeng temporär ze verbidden, wann d'Police zweemol ee Platzverweis géint déi Persoun ausgesprach huet. De Staatsrot stellt fest, datt de Buergermeeschter deen Ament d'Recht hätt amplaz vun der Police an dem Parquet een Openthaltsverbot ze decidéieren, wat vill méi wäit geet, wéi de Platzverweis. Hei wier keng Méiglechkeet fir Recours virgesinn, wat bei all administrativer Sanktioun awer misst méiglech sinn.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ De Staatsrot ass net averstane mam geplangte Gesetz iwwer de verschäerfte Platzverweis
Ëffentlech Sécherheet
De Staatsrot ass net averstane mam geplangte Gesetz iwwer de verschäerfte Platzverweis
Eng Formulatioun iwwer d'Salubritéit, déi zum Platzverweis kéint feieren, wier ze vag. D’Aschränkung vu fundamentale Fräiheeten ass nëmmen da méiglech, wann et prezis Grënn dofir ginn. D'Formulatioun misst also iwwerschafft ginn, esou de Staatsrot.
auto_stories
1 min

Staatsrot (Foto: Adobe Stock)