arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'ULC kritiséiert, datt ee sech fir eng Sammelklo muss un eng Entitéit riichten

Konsumenteschutz

|
headphones

1 min

headphones

4 min

play_arrow

D'ULC kritiséiert, datt ee sech fir eng Sammelklo muss un eng Entitéit riichten

D’Direktesch vum Konsumenteschutz ULC, d'Aline Rosenbaum, begréisst am 100,7-Interview dat neit Gesetz, wat Sammelkloen erméiglecht. D'Gesetz ass virun 10 Deeg an der Chamber gestëmmt ginn. Ganz zefridden ass d'Aline Rosenbaum mat der Léisung wéi se elo ass awer net.

headphones

1 min

headphones

4 min

play_arrow
© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

D'Kritik vun der ULC riicht sech virunallem dorop, datt ee sech fir eng Sammelklo un eng bestëmmten Entitéit muss wennen. Et hätt ee sech gewënscht, datt Privatpersounen sech och vu sech aus hätte kënne regroupéieren.

"Les entités ne vont pas pouvoir intenter tous les recours collectifs, on va dire, imaginables. On va devoir se faire en fonction de nos moyens, en temps, en moyen financier, etc. Donc on va devoir faire une sélection, on pourra pas systématiquement pour toutes les personnes qui vont subir des préjudices, dire maintenant on va introduire un recours collectif."

Donieft bedauert de Konsumenteschutz och, datt een a verschiddene Beräicher iwwerhaapt keng Sammelklo areeche kann. Beispiller dofir wieren de Bausecteur oder Loyerskontrakter.

play_arrow Lauschteren