SLAPP steet fir Strategic Lawsuit against Public Participation. Dat si Plainten, déi een als Aschüchterungs-Klo ka bezeechnen, well se sech géint Vertrieder:inne vun der Zivilgesellschaft oder vun der Press riichten, wa se kritesch vis à vis vu Betriber oder Persoune sinn.
Gesetzesprojet soll iwwer EU-Direktiv erausgoen
Déi däitsch Bundesjustizministerin Stefanie Hubig wëllt mat engem neie Gesetz esou Verfaren zukünfteg verhënneren. Eng EU-Direktiv soll iwwerdeems an all den EU-Memberlänner bis Uganks Mee d’nächst Joer dozou ëmgesat ginn.
De Justizministère confirméiert datt déi Direktive wäert mat Zäiten ëmgesat ginn. Den Depot vum Gesetzprojet ass fir den Hierscht geplangt. D’Gesetz wäert awer méi wäit goen ewéi dat wat an der EU-Direktive virgesinn ass. Déi viséiert virun Allem Plainten, déi ee grenziwwerschreidende Charakter hunn, esou steet et an den dräi éischten Artikele vun där Direktiv.
SLAPP-Kloen eng grouss Gefor fir d'Pressefräiheet
Wat awer geschitt wann ee Journalist oder och eng Organisatioun aus der Zivilgesellschaft vun engem Lëtzebuerger Betrib oder enger Persoun ugesicht gëtt, dat muss gekläert ginn. Detailer iwwert déi geplangten nei Gesetzgebung krute mer fir den Ament net matgedeelt. Allerdéngs huet d’Justizministerin Wëlles och déi Fäll am Gesetz virzegesinn, déi een nationale Charakter hunn.
De rezente Prozess, wou eng Persoun eng Journalistin vu Reporter.lu ugesicht hat, wéinst Verleumdung huet et gewisen. D’Journalistin krut zwar Recht, mee trotzdeem krut se nëmmen 1.000 Euro un Indemnitéit accordéiert, wat bei wäitem net duergeet fir Affekotekäschten ze decken.
Esou Plaintë wieren also eng Gefor fir d’Pressefräiheet. Dat huet och de Justizministère erkannt. An engem Podcast huet Reporter.lu och erkläert a wéiwäit déi Plainten eng Belaaschtung duerstellen, fir eng ganz Redaktioun. De Christoph Bump Chefredakter vum Onlinemagasinn, seet dat wier d’Zil vun esou Kloen: Datt e Medium sech mat esou Plainte beschäftegt an net mat weidere Recherchen, an aus der Perspektiv vun deene Persounen, déi déi Plainte maachen, am léifsten och net méi mat Recherchen, déi si betreffen.