arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neit Element an der Affär RTL/Lunghi: Appellsprozess geet virun

Rupture du délibéré

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Neit Element an der Affär RTL/Lunghi: Appellsprozess geet virun

Am Kader vum Appellsprozess an der sougenannter RTL/Lunghi-Affär koum eng nei Pièce op d'Tapéit. Dowéinst gëtt haut op der Cour d'appel an der Stad net, esou wéi et u sech geplangt war, dat zweet Urteel gesprach. Op Grond vun deem Dokument koum et nämlech zu enger sougenannter "rupture du délibéré".

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Deemno ginn d'Berodunge vun de Riichter fir zu engem Urteel ze kommen, ofgebrach.

E Méindeg geet den zweete Prozess da mat engem weidere Sëtzungsdag virun. Dës 100,7-Informatioun huet d'Justiz eis op Nofro hi confirméiert.

Medezineschen Dossier vun der Sophie Schram

De fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi hat de Collège médical am November 2016 saiséiert wéinst deontologesche Froen iwwer déi  medezinesch Dokumenter vun der Sophie Schram, déi am Fernseh gewise goufen. De Collège médical huet eng Enquête gemaach an dem Enrico Lunghi am Dezember 2016 d’Resultater matgedeelt. Der Lydie Lorang no, hätt de Collège médical dem Enrico Lunghi domat Informatiounen zum medezineschen Dossier vun der Sophie Schram ginn.

D’Affekotin vun der Sophie Schram seet, wéi hir Cliente beim Collège médical nogefrot hätt, ob dat stëmme géif, hätt si souzesoe geäntwert kritt, dat bräicht si net ze interesséieren, esou d'Me Lydie Lorang, déi donieft nach eng Plainte mat Partie civile ugekënnegt huet.

An enger schrëftlecher Reaktioun op déi nei Entwécklungen am Prozess, geheit den Enrico Lunghi de Responsabele vum Televisiounsreportage vun deemools vir, 8 Joer no de Faiten nach ëmmer wëlle fir Konfusiounen ze suergen.

Appellprozess geet an d'Verlängerung

Ufank Mee war den Appellsprozess ëm d'medial Couverture, duerch RTL, vun engem Interview mam Enrico Lunghi u sech op en Enn komm. An där Affär geet et jo ëm en Interview vun RTL, deen d'Sophie Schram am September 2016 mam deemolege Mudam-Direkter gemaach hat. Dobäi hat deen ee Moment, ausser sech, de Mikro vun der Journalistin ewechgeschloen a si mam Aarm geholl.

An der Suite dovun hat RTL de Virworf gemaach kritt, e Reportage doriwwer wier manipuléiert gewiescht. Am zweete Prozess louchen d’Vuë vun den zwou Säiten dorop weider wäit auserneen. De Vertrieder vum Parquet général sengersäits hat d'Confirmatioun vum 1. Urteel wéinst Diffamatioun a Calomnie gefrot gefrot, spréch eng Geldstrof vu jee 1.000 Euro fir d'Sophie Schram an deen aneren Ex-RTL-Journalist Marc Thoma, nieft dem Bezuele vum symboleschen Euro un den Enrico Lunghi. Elo geet den Appellsprozess e Méindeg awer mol an d'Verlängerung.

play_arrow Lauschteren