arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prozess ëm Policegewalt: Parquet fuerdert sechs Joer fir Haaptbeschëllegten

Justiz

|
headphones

2 min

Prozess ëm Policegewalt: Parquet fuerdert sechs Joer fir Haaptbeschëllegten

De 27. November gëtt d’Urteel am Prozess ëm Policegewalt zu Esch gesprach: Dat gouf de Moien um Stater Geriicht bekannt. Gëschter hat d’Vertriederin vum Parquet jo 6 Joer Prisong fir den Haaptbeschëllegten an all Kéiers 4 Joer fir déi 4 Matugeklote gefrot

headphones

2 min

 Dem Donneschdegmoien hunn d’Affekote vun den zwee anere männleche Poliziste gemengt, et sollt just eng Strof mat Sursis gesprach ginn.

Déi 5 stoungen ënner anerem wéinst Coups et blessures volontaires a Fälschung virun de Riichteren, an den Haaptbeschëllegten och nach wéinst Acte de torture. Dee Punkt soll awer eventuell net géint den 41 Joer ale Mann zréckbehale ginn. D’Faite ginn zeréck op de Februar 2019. D’Ugeklote kréie reprochéiert, engem deemools 41 Joer alen, staark alkoholiséierte syreschen Asyldemandeur zu Esch ënner anerem d’Gebéck gebrach ze hunn. D’Beschëllegt sollen de Mann awer net nëmme geschloen, me och probéiert hunn, d’Saach ze vertuschen.

Vertriederin vum Parquet freet ob sechs Joer duerginn

D’Ugeklote kruten um Enn vum Prozess nach emol d’Wuert. Dobäi hu just zwee vun hinne gesot, et géif hinne fir d’Affer vun deemools leed doen.

Dräi Ugekloten hunn erkläert, dat Ganzt géif hinne leed doen, een huet sech entschëllegt an eng huet bereit, wat geschitt ass. Woubäi ee suspendéierte Polizist fonnt huet, si fënnef géifen an der Press duergestallt gi wéi Monster. “D’Affer hat dat net verdéngt” an “Wann d’Affer hei wär, géif ech mech schummen, him an d’Aen ze kucken” hunn awer just eng Fra an den Haaptbeschëllegten iwwert d’Lëpse bruecht.

Do virdrun haten de Me Marc Lentz an de Me Luciani, d’Affekote vun den zwee anere männleche Polizisten, just eng Strof mat Sursis fir hir Cliente gefuerdert. Dogéint hat d’Vertriederin vum Parquet dem Haaptugeklote virgehäit, domat virunzefueren, sech ze victimiséieren. Virun deem Hannergrond géif si sech froen, ob déi gefrote sechs Joer Prisong géifen duergoen.