arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmstridde Bauprojeten um Verwaltungsgeriicht

Rodange an Neiduerf

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Ëmstridde Bauprojeten um Verwaltungsgeriicht

D'Verwaltungsgeriicht huet sech mat zwee ëmstriddene Bauprojete befaasst. Dee vun enger Bréck iwwer d'Stater Neiduerf an dee vun engem Hotelkomplex zu Rodange. Den Interesseveräin Neiduerf an d'Biergerinitiativen Doihl a Kordall wiere sech géint dës Projeten an haten dowéinst Recours gemaach.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

De Recours, wat d’Neiduerf ugeet, ass géint d’Decisioune vum Ëmweltministère a vun der Stater Gemeng geriicht, fir de Bau vun der Bréck ze autoriséieren. Zu Rodange war d’Geneemegung vum Ëmweltministère a vun der Péitenger Gemeng am Viséier, fir de Projet op där Plaz ze erriichten, op déi e soll kommen.

Biergerinitiativ géint Hotel a Wellness zu Rodange

Fir d’Biergerinitiativen Doihl a Kordall géif "Am Doihl" zu Rodange, do wou en Hotel an e Wellness sollen hikommen, en Natur- a Bëschschutzgebitt net respektéiert ginn. Iwwerdeems géif et scho Waasserproblemer an zwee Gebaier an där Zon ginn, ënner anerem an der Piko-Schwämm. 

Fir de Me Helminger, Affekot vun der Gemeng Péiteng, wieren d’Initiative vum Prinzip hier géint de Projet, woubäi dat "moutarde après dîner" wier . Schliisslech wier de PAG, den allgemenge Bebauungsplang vun der Péitenger Gemeng, geännert ginn, fir datt de Projet kéint gebaut ginn.

Diskussioune ronderëm eng Bréck iwwer dem Neiduerf

Géint de Bau vun enger Bréck, déi den Cents mam Weimeschhaff/Kierchbierg verbënnt, ass den Interesseveräi vum Neiduerf zënter 2007. De Bau géif de Quartier nämlech verschampeléieren an d’Ëmwelt impaktéieren. De Mëttwoch goung et virun allem ëm d’Autorisatioun vun der Stater Gemeng fir d’Bréck ze bauen.

De Me Couvreur, Affekot vum Interesseveräin Neiduerf, huet drop verwisen, datt de President vum Tribunal administratif an engem anere Volet vun der Affär vun engem “risque de préjudice grave et définitif” duerch de Bau geschwat hätt. Donieft misst hei d’Fro beäntwert ginn, ob, soubal e Bau de Buedem net beréiert, d’Urbanismusreegelen net méi spille missten. Wourop de Me Barbian, Affekot vun der Stad, geäntwert huet, datt d’Bréck iwwer zwou ganz kleng Parzelle goe géif. Op deenen Terrainen, um Buedem, stéing kee Stéck vun der Bréck, déi géif a 60 Meter Héicht iwwer d’Parzelle féieren.

D’Urteeler an dësen zwou Affäre ginn an den nächste Woche gesprach.

play_arrow Lauschteren