arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Journalistin vum Online-Magasinn Reporter.lu gouf fräigesprach

Ouni Schuedensersatz

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Journalistin vum Online-Magasinn Reporter.lu gouf fräigesprach

D’Journalistin war vun engem Immobilie-Promoteur duerch eng Citation directe ugesicht ginn, wéinst de Virwërf vu Calomnie, Diffamatioun an Injures. Dem Urteel an éischter Instanz no, dat den Dënschdeg gesprach gouf, kritt d’Journalistin eng Indemnité de procédure vun 1.000 Euro.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
D'Cité Judiciare | © Serge Kesseler
D'Cité Judiciare (Foto: Serge Kesseler)

Anescht wéi vun hirem Affekot gefrot, kritt si awer kee Schuedenersatz.

De Chefredakter a Gerant vu Reporter.lu Christoph Bumb huet haut am 100,7-Interview d’Decisioun fir de Fräisproch fir d’Journalistin begréisst. Hie bedauert awer, datt d’Geriicht kee Schuedenersatz gesprach huet, fir eng “gewëssen ofschreckend Wierkung ze hunn”, un Acteuren, déi sougenannten Aschüchterungskloe géint Journalisten a Medie maachen.

Bei dëser Affär goung et ëm een Artikel, dee Reporter.lu viru bal engem Joer verëffentlecht hat, iwwer déi penal Verurteelung vum Gerant an Administrateur vun engem Immobilie-Promoteur wéinst der Violatioun vum Gesetz iwwer d’Handelsgesellschaften.

D’Journalistin hätt mat hirer Aarbecht kengem Mënsch geschuet, mee fir Transparenz gesuergt, hat d’Vertriederin vum Parquet Enn Mee gesot, an hat de Fräisproch gefrot. 

Bedauernswäerten Trend

Net just dës sougenannten Aschüchterungskloen, oder SLAPP-Kloen (stategic lawsuits against public participation), wieren zu engem Trend ginn, bedauert de Christoph Bumb.

Et wier wichteg, datt d‘Geriichter a sou Fäll net zécke fir Schuedenseratz ze decidéieren. D'Prozess- an Affekotskäschte wiere fir e klenge Medium wéi Reporter.lu net ze ënnerschätzen.

D’Indemnitéit fir d’Prozedur vun 1.000 Euro, déi an dëser Affär decidéiert gouf, géif just ee Brochdeel vun den Affekotekäschten decken, confirméiert de Christoph Bumb. Reporter.lu wier iwwerdeems méi heefeg mat Aschüchterungskloe konfrontéiert.

"Déi Zäit, déi mir viru Geriicht oder mat eisen Affekote verbréngen, an och déi finanziell Ressourcen, déi mir dofir opbrénge mussen, déi kënne mir logescherweis net an eis eigentlech Aarbecht stiechen."

Gesetz géint SLAPP-Kloen an der Maach

Néideg wier an dësem Kontext eng politesch Léisung, esou de Chefredakter, deen dobäi op d’Ëmsetzung an nationaalt Recht vun der EU-Anti-SLAPP-Direktiv hofft. Et hätt ee confirméiert kritt, datt de Projet vun der Justizministerin dësen Hierscht soll deposéiert ginn.

D’Politik wier gefuerdert, fir d’Pressefräiheet wierksam ze schützen, huet de Christoph Bumb och haut an engem Kommentar bei Reporter.lu verlaangt. Medien a Journaliste géifen zwar viru Geriicht reegelméisseg fräigesprach ginn, si géifen awer an der Reegel op engem groussen Deel vun hire Käschte sëtze bleiwen, heescht et doran.

play_arrow Lauschteren