arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nicolas Schmit begréisst d'Uerteel vum EUGH zur Mindestloundirektiv

fréieren EU-KOmmisär

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Nicolas Schmit begréisst d'Uerteel vum EUGH zur Mindestloundirektiv

De viregte Lëtzebuerger EU-Kommissär fir Beschäftegung a sozial Rechter Nicolas Schmit begréisst d’Urteel, en Dënschden, vum Europäesche Geriichtshaff a Saachen adequat Mindestléin. Dat sot hien de Moien op eiser Antenn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
De fréieren EU-Kommissär Nicolas Schmit (LSAP) | © Michelle Barthel
De fréieren EU-Kommissär Nicolas Schmit (LSAP) (Foto: Michelle Barthel)

Och wann d’europäesch Riichteren an zweeter Instanz festgehalen hunn, datt dës Direktiv misst ugepasst ginn, wär dëst Urteel eng wichteg Orientatioun fir d’Sozialpolitik an Europa. Den Nicolas Schmit hat sech als EU-Kommissär fir déi entspriechend Direktiv, iwwer ënner Anerem ugemoosse Mindestléin, agesat. Si ass zënter Oktober 2022 a Kraaft. An den Ae vum LSAP-Politiker géifen déi véier Krittären, déi op Grond vum Urteel solle gestrach ginn, d’Substanz vun der Direktiv net veränneren:

"Och déi Dispositioun iwwert d'Indexéierung an eventuell Reduktioun vun de Léin ass eigentlech eng reng theoretesch Saach. Wësst Der, wa mer eng negativ Inflatioun hätten, wat seele virkënnt, da géif een net higoen an och nach d'Léin reduzéieren. Dat wär nämlech ekonomeschen Nonsens!"

Hie wär, sot den Nicolas Schmit, virum Urteelssproch relativ optimistesch gewiescht, trotz den negative Konklusioune vum Avocat général. D’Cour géif nämlech ëmmer equilibréiert-ponderéiert u sou Sujeten erugoen. Si hätt seng Direktiv awer och net wëllen duerchwénken a wär dowéinst op déi véier Krittäre gestouss. Duerch dat Urteel géif sech awer fir Salariéen näischt zum Schlechten änneren. Nawell hätt d’Direktiv Diskussiounen iwwert d’Mindestléin ausgeléist:

 "De Lëtzebuerger Mindestloun ass deen héchsten an Europa. Dat musse mer zouginn. Mä d'Liewenskäschten zu Lëtzebuerg sinn och héich."

 D’Iddi, fir bei eis d’Léin vu Statsbeamten aus der Berechnung erauszehuelen, wär inacceptabel, erkläert den Nicolas Schmit. Dat wär nämlech eng Verfälschung vum Bild vun der Lounsituatioun am Land. Et misst een en objektiivt Bild dovun hunn, an hie wéilt net, datt Leit, déi um Mindestloun dru sinn, offalen.

"Dat ass eng Saach vu Cohésion sociale. Dat ass eng Saach och vu Bekämpfung vun Aarmut."

Seng Direktiv, Zitat, “eng vun de wichtegste soziale vun de leschte Joren”, wär virun deem Hannergrond e wichtege Schrëtt, sou nach den Ex-EU-Kommissär.

play_arrow Lauschteren