Duerch dës Knapp Majoritéit muss d’Ofstëmmung iwwer den Accord mat de véier Mercosur-Staaten (Argentinien, Brasilien, Paraguay an Uruguay) u sech op onbestëmmten Zäit verluecht ginn: Den Accord muss nach vum Europaparlament guttgeheescht ginn. No deem Vott haut wäert dat awer eréischt kënne geschéien, wann een Urteel vum Europäesche Geriichtshaff virläit.
Tilly Metz: Wichteg datt dësen Accord iwwerpréift gëtt
Et war eng Initiativ vun 145 Deputéierten, déi der Meenung sinn, datt d’Ofkommes géint europäescht Recht verstéisst, dorënner och déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz, fir déi d’Resultat vum haitege Vott deemno ganz positiv ass. Et wier wichteg an hiren Aen, datt deen Text iwwerpréift gëtt.
"Jo, mir sinn elo ganz frou", esou d’Tilly Metz direkt nom Vott.
"Et wier wierklech e Schock gewiescht, wann et net duerchgaang wier"
Martine Kemp: "Waren dogéint virun den EuGh ze goen"
Beim Vott hätten national Interêten eng Roll gespillt, esou d’CSV-Europadeputéiert Martine Kemp. Hir Fraktioun, déi vun der Europäescher Vollekspartei géif de Mercosur-Accord ouni Zweiwel ënnerstëtzen. Dowéinst wier een och dergéint gewiescht, virun den Europäesche Geriichtshaff ze goen.
"Et ass natierlech schued, wann een seng Reien, soen ech emol, net komplett zesumme kritt, mee dat esou an Europa. Do sinn et och national Problemer, déi vläicht emol optauchen. An dat war eeben esou en Dossier, wou een och gemierkt huet, wann een herno d'Resultat gesinn huet vum Vott. Et war faarweg."
EVP fuerdert, datt Deeler vum Ofkommes trotzdeem akraaft trieden
Hir Fraktioun, d’EVP huet iwwerdeems scho gefuerdert, datt ee wéilt Deeler vum Ofkommes och ouni d’Ofstëmmung am Parlament an ouni d’Urteel vum EuGh ofzewaarden, provisoresch a Kraaft setzen.
D’Europadeputéiert Martine Kemp verdeedegt déi Fuerderung. Am Fong wollt een dat guer nett. Ma dee Vott géing de ganzen Accord op wackeleg Bee stellen, sot zu Stroossbuerg D’CSV - Politikerin.
"Datt dann elo e Fräihandelsofkommes provisoresch a Kraaft triede soll, ouni datt d'Europäescht Parlament ee Matsproocherecht huet, ass am Fong eppes, dat wollte mer guer net. Mir wollten et net. Mee iergendwou musse mer herno kucken, wéi mer kënne déi Bezéiung, déi mer mat de Mercosur -Staaten hunn, opbauen an net do nach weider Onsécherheete schafen, déi mer elo einfach kreéiert hunn."
Iwwerdeems hätt de Vott vu gëschter, een Afloss op aner Handelsofkommes, iwwert déi d’EU am gaangen ass mat verschiddene Partner ze verhandelen. Déi Partner géifen op d’EU kucken an hätte lo gesinn, wéi déi géif agéieren, sou d’Martine Kemp, déi am Europaparlament Member vun der Handelskommissioun ass.
Gespléckte Meenung och an de Parteien
De Vott huet iwwerdeems gewise wéi gespléckt d’Europadeputéiert och bannent hire Fraktioune sinn. Just déi Lénk Fraktioun huet integral dofir gestëmmt, den Text vum EuGh préiwen ze loossen. Bannent deenen anere Fraktioune sinn d’Ofstëmmungen ënnerschiddlech ausgefall.
Bei de Lëtzebuerger huet nieft dem Tilly Metz och den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser dofir gestëmmt, den Accord virum EuGh préiwen ze loossen. Dogéint waren nieft der Martine Kemp och d’Isabel Wiseler-Lima, de Marc Angel an de Charles Goerens.