Et gi Länner, do ass d’Onofhängegkeet vun der Geriichter net ginn. Als Beispill nennt de Lëtzebuerger Jurist Dean Spielmann Polen. Do géif momentan eng Affär um EUGh lafen, wéinst dem Verdacht, datt déi polnesch Regierung sech an d’Justiz agemëscht hätt. Fir den Dean Spielmann eng ganz wichteg Affär.
Et ass ganz wichteg, datt d'Prinzippie vum Rechtsstaat an all Land respektéiert ginn, eebe fir datt d'Vertrauen, wéi Der sot, an d'Justiz och garantéiert ass. De Justiciable muss kënne sécher sinn, datt de Riichter, deen iwwer seng Affairen entscheet, och onofhängeg ass an déi zwou Parteie gläich behandelt a kengem politeschen Afloss ausgesat ass.
Wann et ëm dat europäescht Recht geet, huet den europäesche Geriichtshaff dat lescht Wuert. Hie betount dobäi, datt wann et zu engem Konflikt tëschent nationalem an europäeschem Recht kënnt, en Dialog muss stattfannen.
Mir schreiwen de Länner net vir, wat ënnert der nationaler Identitéit ze verstoen ass. Also dat ass un de Länner, fir ze kucke wat fir si esou wichteg ass. Ech denken un de Principe vun der Laïzitéit am Frankräich zum Beispill. Dat ass e fundamentale Prinzip, mee wann eng Affär bei ons kënnt, déi eventuell esou eng Fro opwerft, ech denken u Reliounsaffären, da muss dat am Dialog mat den nationale Geriichter gekläert ginn. An dat lescht Wuert, wat d'europäescht Recht ugeet, huet natierlech den Europäesche Geriichtshaff.
Als fréiere lëtzebuerger Jurist dierft hie sech awer net mat Affäre vu Lëtzebuerg befaassen, esou den Dean Spielmann. Och als Riichter:inne géif een net an engem Elfenbeinturm liewen, an et géif ee matkréien wat an der Politik géif geschéien.
Als fréiere lëtzebuerger Jurist dierft hie sech awer net mat Affäre vu Lëtzebuerg befaassen, esou den Dean Spielmann. Och als Riichter:inne géif een net an engem Elfenbeinturm liewen, an et géif ee matkréien wat an der Politik géif geschéien.