arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fréier EU-Aussebeoptraagt Mogherini trëtt als Cheffin vum Collége d'Europe of

No Korruptiounsvirwërf

|
headphones

1 min

Fréier EU-Aussebeoptraagt Mogherini trëtt als Cheffin vum Collége d'Europe of

Déi fréier EU-Aussebeoptraagt Federica Mogherini trëtt vun hirem Posten als Cheffin vun der Elitten-Universitéit "Collège d‘Europe" zeréck. Dat huet d'Italienerin um Donneschdegmëtteg an der Suite vun de Korruptiounsvirwërf géint si am Zesummenhang mat EU-Suen annoncéiert.

headphones

1 min

© European Union
(Foto: European Union)

Do virdru war déi fréier EU-Aussebeoptraagt ronn 10 Stonne laang vun der belscher Police verhéiert ginn. Hannergrond ass de Verdacht, datt de "Collège d‘Europe" vum europäeschen Amt fir Aussepolitik illegal Sue krut fir Diplomaten auszebilden.