D‘Riichter um Kierchbierg hunn d‘EU-Mindestloun-Direktive vun 2022 net ganz gekippt, sou wéi Dänemark dat wollt, mee si hunn awer zwou Bestëmmunge fir ongülteg befonnt.
Déi Direktive wier eng Amëschung an d‘Aarbechtsbestëmmunge vun engem EU-Land, well d‘Héicht vun de Léin wier eng intern Decisioun vun de Länner. Doriwwer eraus hunn di europäesch Riichter festgehalen, datt d‘EU och kee Land zwéngen däerf, d‘Léin un d‘Indexéierung unzepassen.