D'Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF an déi Europäesch Zentralbank hunn an der Suite vum Finanzbedruch bei der Caritas d'Verhale vun den zwou Lëtzebuerger Banken analyséiert. An do ass lo Beweegung am Dossier.
Gutt informéierte Sourcen no, huet d'CSSF der Spuerkeess an der BGL BNP Paribas virun e puer Wochen hir Decisioune matgedeelt. D'Banke kënnen nach äntwerten éier eng final Decisioun festgehale gëtt. D'Spuerkeess riskéiert eise Sourcen no méi wéi d'BGL BNP Paribas.
Problemer bei der Spuerkeess fonnt
Bei der Spuerkeess wiere besonnesch am Beräich vun de Suen, déi d'Bank verlooss hunn, Schwaachstellen identifizéiert ginn. Nodeems déi scho bei enger fréierer Kontroll vun der CSSF opgefall wieren, géif elo eng Sanktioun am Raum stoen, esou eis Sourcen.
Recherchë fir den 100,7-Podcast iwwer d'Caritas-Affär hu gewisen, datt déi meescht frauduléis Viremente vun der Caritas a Richtung Spuenien iwwer d'Spuerkeess gemaach gi waren.
D'BGL BNP Paribas par konter ass méi am Beräich vun de Kreditlinnen exposéiert, déi gezu gi waren, an déi mat geklaut goufen.
D'CSSF kuckt virun allem, ob d'Prozeduren am Beräich vum Kampf géint d’Geldwäsch agehale goufen, d’EZB ob bei der Kreditvergab alles richteg gelaf ass.
Keng Ausso fir de Moment vun der Spuerkeess
D'Sanktioun ass déi héchst vun de méiglechen Decisioune vun der CSSF. Nieft der Sanktioun kann och just eng Observatioun oder eng Injonctioun formuléiert ginn. Am Prinzip gëtt just d'Sanktioun publizéiert. Mee et gëtt keng fest Delaie wéini dat geschéie muss.
Géint d'Decisiounen, déi festgehale ginn, kënnen d'Banken nach e Recours virum Verwaltungsgeriicht aleeën.
D'Spuerkeess huet eis um Donneschdeg matgedeelt, si géif sech nach net äussere well d'Prozedur nach net ofgeschloss wier.