arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D’Gaardenausstellung LUGA ass e vollen Erfolleg"

Tëschebilan

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

"D’Gaardenausstellung LUGA ass e vollen Erfolleg"

Wuel huet d'Ann Muller keng Visiteurszuelen, well dat net méiglech wier. Si seet awer, si hätte ganz vill positiv Retouren op Facebook, a vill Vuen op Google Maps. Dat wieren déi Zuelen, déi fir si zielen.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
D'Generalcoordinatrice vun der LUGA, d'Ann Muller. | © Jo Diseviscourt
D'Generalcoordinatrice vun der LUGA, d'Ann Muller. (Foto: Jo Diseviscourt)

An och dee ville Reen an de leschte Wochen hätt der Ausstellung net geschuet, seet d’Ann Muller. Am Contraire souguer: 

"De Reen huet gemaach, dass d'Gäert am Moment extreem schéin, immens üppeg sinn, sech gutt entwéckelt hunn. Mir brauche manner Netzen. Dat kënnt eis ganz entgéint."

Fir den Ament wier een souwuel mat der Staat Lëtzebuerg wéi och mam zoustännege Ministère a Gespréicher fir festzeleeë wéi eng Gäert kënne behale ginn. 

Eng Prognos kéint d’Ann Muller elo nach net ginn, awer d’Politik wier intresséiert verschidde Projeten ze erhalen. Ob et an den nächste Joren nach eng Kéier eng zweet Luga Gaardenausstellung wäert ginn ass elo nach net gewosst. 

D’Ausstellung kann een nach bis Mëtt Oktober an der Stad an zu Ettelbréck kucke goen.

play_arrow Lauschteren