D’Temperature louchen dëse Februar weltwäit knapp 1,6 Grad iwwer der geschätzter Moyenne vum preindustriellen Zäitalter. Domat war et weltwäit den drëttwäermste Februar.
Och wann de Februar dëst Joer weltwäit erëm e bësse méi kal war wei zejoert, war d’Surface vum arktesche Mieresäis nach ni esou kleng. D‘Ausdeenung vum Äis um Nordpol louch aacht Prozent ënner dem Duerchschnëttswäert, heescht et vum Klimawandelservice vum Programm Copernicus. Och an der Antarktis gouf et manner Äis wéi gewéinlech ëm dës Joreszäit. Den antarktesche Bestand vu Mieresäis louch 26 Prozent ënner der Moyenne.
Copernicus verweist drop, datt d’Uewerflächentemperatur a ville Mierer am Februar ongewéinlech héich bliwwe wier, mat enger Duerchschnëttstemperatur vun 20,88 Grad.