arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Extrem Droite um Rudder a Klimazil-Verhandlungen

Europaparlament

|
headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Extrem Droite um Rudder a Klimazil-Verhandlungen

Am EU-Parlament wäert e Vertrieder vun de klimaskepteschen "Patriote fir Europa" responsabel si fir d’Verhandlungen iwwer d’Klimazil fir 2040. De Versuch vu Sozialisten, Liberalen a Gréngen, dat mat enger Urgence-Prozedur ze ëmgoen, goung schif, well d'Europäesch Vollekspartei dogéint gestëmmt huet.

headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow
© European Union
(Foto: European Union)

Déi nächst Klimakonferenz, déi am November a Brasilien ass, réckelt ëmmer méi no. An et schéngt net ganz sécher ze sinn, datt déi Europäesch Institutioune bis dohi prett sinn, fir nei Klimaziler ze definéieren.

Am Europaparlament huet ausgerechent d’Fraktioun de rietsnationale "Patriote fir  Europa" et fäerdeg bruecht, sech deen Dossier vum neie Klimaschutzgesetz, dat een Tëschenzil fir 2040 festleeë soll, ënner de Nol ze rappen. Dat war méiglech, well déi Fraktioun sech an engem interne Verfaren - enger Zort Stee - duerchgesat huet.

Europäesch Patriote si "résolument" géint dat geplangte Klimagesetz

Dorun, datt déi Fraktioun fundamental géint dat Gesetz fir ee Klimazil fir 2040 ass, wat déi Europäesch Kommissioun uganks Juli proposéiert hat, huet hire Co-Chef, de Jordan Bardella, iwwerdeems keen Zweifel gelooss.

"Il ne vous aura pas échappé que nous sommes résolument opposés à ce plan qui prévoit à l'horizon 2040 une baisse de 90% des émissions de gaz à effet de serre."

De Jordan Bardella, Co-President vun de "Patriote fir Europa". | © European Union
De Jordan Bardella, Co-President vun de "Patriote fir Europa". (Foto: European Union)

De President vum franséische Rassemblement National huet och kloer gestalt, datt d’”Patriote fir Europa”, deenen och dem ungaresche Premier Viktor Orbán seng Fidesz-Partei ugehéiert, d’Diskussiounen iwwer dat Gesetz am Europaparlament mat beaflosse wëllen.

"Si nous avons fait le choix de nous porter volontaires pour travailler sur ce rapport, c'est précisément pour y porter notre vision."

Tilly Metz: Rapporteur vu "Patriote fir Europa" ass "Katastroph"

Doduerch ass ënner anerem a Fro gestalt, datt d’Parlament séier seng Positioun fir ee Klimazil definéiert.

E Rapporteur huet et an der Hand, een Dossier an d’Längt ze zéien, a genee dat wier do ze erwaarden, seet Tilly Metz. D’Europadeputéiert vun deene Grénge schwätzt vun enger Katastroph.

"Mat engem Klimaskeptiker als Rapporteur kann ee sech d'Fro stellen, ob iwwerhaapt un deenen Ziler festgehale gëtt, respektiv ob net op eng Verwässerung vum gesamte Klimagesetz higeschafft gëtt, also op eng Ofschwächung vun den Ziler. Dat ass eng Katastroph."

Sozialiste, Gréng a Liberal proposéieren Urgence-Prozedur

Dat gesinn net nëmmen déi Gréng, mee och déi Liberal an d’Sozialisten esou.

Déi dräi Fraktiounen haten dowéinst decidéiert, zesummen eng Urgence-Prozedur fir d’Klimagesetz unzefroen. Doduerch nämlech kéint een dem Rapporteur d’Heft aus der Hand huelen.

"Ech bieden iech, ënnerstëtzt dës Demande", sot kuerz virum Vott doriwwer an der Plenière den hollännesche Liberale Jan Gerbrandy, virun allem un d’Adress vun där gréisster Fraktioun am Haus: Deene vun der Europäescher Vollekspartei.

D’Klimakris wier zentral, esou den Timo Wölken vun den däitsche Sozialdemokraten. Hien appelléiert un eng “breet demokratesch Majoritéit”, fir esou eng Urgence-Prozedur ze stëmmen.

Klima-Krimi am Parlament séier eriwwer

Mee de Krimi an der Plenière vum Europaparlament sollt just e puer Minutten daueren.

"D’Propos ass rejetéiert", stellt d’Parlamentspresidentin Roberta Metsola fest, wärend d’Ecranen iwwer hirem Podium d’Resultat affichéieren: 397 EU-Deputéiert hu mat Neen, 300 mat Jo gestëmmt. 6 hu sech enthalen.

Den Applaus kënnt vum rietsen a riets-extreme Bord, a vun der Europäescher Vollekspartei, déi um Enn zimmlech geschlosse géint d’Urgence-Prozedur gestemmt huet.

Martine Kemp: Urgence ass nach net do

Dorënner och d’Martine Kemp. D'CSV-Europadeputéiert ass Member vun där Fraktioun.

Et wier wichteg, an dësem Dossier déi normal demokratesch Prozedur anzehalen, esou d’Martine Kemp nom Vott.

De Reproche sech hei mat de Rietsen zesummenzedinn, oder responsabel dofir ze sinn, datt d’Parlament um Enn net mat Zäiten d’Diskussiounen iwwer ee Klimazil op en Enn brénge kann, weist si zeréck.  

"Am Moment ass déi Urgence nach net do. Wa mir gesinn, datt mir bis September net weiderkommen, ass et nach ëmmer net ze spéit, fir dann d'Urgence ze declenchéieren. Well da si mir effektiv an der Situatioun, datt mir Resultater brauchen, an datt mir méi schnell musse weiderkommen."

President vun der Ëmwelt-Kommissioun: Et ass nach net alles verluer

De President vun der Ëmweltkommissioun am Parlament, de franséische Liberale Pascal Canfin, schwätzt awer vun engem "Worst-Case-Zenario".

"Mir hunn elo ee Rapporteur vun de Patrioten, a mir sinn eis net eens ginn iwwer d’Zäitschinn. Dat ass éierlech gesot ee Worst-Case-Zenario."

Et wier, esou de franséische Liberalen, awer nach net alles verluer.

Bis Mëtt September wëllen d’Memberlänner, déi sech am Moment nach net eens sinn,  hir Positioun am Conseil festleeën.

D’Parlament misst elo, onofhängeg vum rietse Rapporteur, direkt domat ufänken, mam Conseil iwwer eng méiglech gemeinsam Positioun ze diskutéieren, esou de Pascal Canfin. Zousätzlech hofft de Fransous, datt d'EVP am Hierscht effektiv prett ass, awer enger Urgence-Prozedur zouzestëmmen, am Fall wou dat noutwenneg ass. 

 

play_arrow Lauschteren