arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deforestatiounsreglement: WWF huet net mat esou enger "Attack" vu Lëtzebuerg gerechent 

Natur an Ëmwelt

|
headphones

4 min

headphones

9 min

play_arrow

Deforestatiounsreglement: WWF huet net mat esou enger "Attack" vu Lëtzebuerg gerechent 

De WWF Europa ass entsat iwwer d'Fuerderung vu villen EU-Agrarministeren, fir d'Deforestatiounsreglement nees op de Leescht ze huelen. Grad d'Positioun vu Lëtzebuerg wier méi wéi iwwerraschend. 

headphones

4 min

headphones

9 min

play_arrow
© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

D'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen huet gëschter um EU-Agrarconseil proposéiert, am Numm vu Lëtzebuerg a vun Éisträich, dat europäescht Deforestatiounsreglement, dat u sech Enn dës Joers a Kraaft triede sollt, nach eemol op de Leescht ze huelen. Dat koum komplett onerwaart, och fir d'Beatrice Wedeux, politesch Mataarbechterin bei der Natur- an Ëmweltschutzorganisatioun WWF Europa zu Bréissel. 

Produkter sollen ënnert d'Lupp geholl ginn

De WWF hätt net domadder gerechent, datt "esou eng Attack" vu Lëtzebuerger Säit géif kommen, gëtt d'Beatrice Wedeux am 100,7-Interview zou.

"Et gëtt esou presentéiert, wéi eng Fro no Vereinfachungen, Vereinfachunge fir lokal Produzenten. An eiser Meenung no, wann ee kuckt, wat do gefrot gëtt, da geet dat vill méi wäit an et ass wierklech e Versuch fir ee vun de wichtegsten Ëmweltgesetzer ze ënnergruewen."

D'Gesetz, wat EU-Konsumenten eigentlech d'Gewëssheet sollt ginn, datt hir Produkter net mat der Zerstéierung vu Bëscher oder illegaler Ofholzung a Verbindung stinn, soll "déifgrënneg" geännert, esou d'Beatrice Wedeux.

D'Zil vum Reglement ass et ze verhënneren, datt den europäesche Bësch zerstéiert gëtt, mee net just do. Et gëtt och verbueden, Produkter an Europa ze importéieren, fir där hiren Ubau zum Beispill a Brasilien de Reebësch ofgeholzt ginn ass. 

"Dat ass e Gesetz, wat am Fong eng ganz Rei Produkter ënnert d'Lupp hëlt, déi global gesi mat Bëschzerstéierung oder illegaler Ofholzung zesummenhänken. Dorënner eeben och Holz a Rëndfleesch, wat och hei an Europa ugebaut gëtt. An do mussen am Fong déi selwecht Reegele gëlle wéi déi Produkter, déi importéiert ginn."

D'Importprodukter géingen dacks mat manner héije Standarde produzéiert ginn, esou d'Vertriederin vun der WWF.

Illegal Ofholzung a verschiddene Länner

Wann ee lo awer déi Propose géing ëmsetzen, déi d'Martin Hansen an Éisträich proposéiert hunn, da géing een an Europa guer keng Ufuerderunge méi hunn ënnert deem Gesetz, seet d'Beatrice Wedeux weider. An dat wier op zwee Punkte problematesch.

"Also do gëtt gesot: 'An Europa ass kee Problem vu Bëschzerstéierung.' Jo, dat ignoréiert awer reell Risike fir Bëscher an der EU, wou awer a verschidde Länner nach illegal Ofholzung an och Degradéierung vu Bëscher e reell Problem ass. An zweetens géife mir do eng wichteg Informatioun verléieren an deem Gesetz, an dat ass fir ze wëssen, wou e Produkt produzéiert ass. Fir d'Hierkonft vum Produkt ze identifizéiere mat geografesche Koordinaten. An dat ass am Fong eng Garantie fir ze beweisen, dass e Produkt dat ass, wat et seet, wat et ass."

D'Martine Hansen begrënnt hir Initiativ domat, datt de bürokrateschen Opwand fir Baueren a Bëschproprietären, deen duerch dat Reglement hinne quasi imposéiert gëtt, ze grouss wier par rapport zu deem, wat ënnert dem Stréch erauskënnt.

Keen Echo vu Lëtzebuerger Säit kritt

Vu bausse gesi wier dat schwéier nozevollzéien, seet d'Beatrice Wedeux. Déi Donnéeën, déi ee Lëtzebuerger Produzent noweise muss, wieren einfach ze kréien, esou d'Vertriederin vun der WWF. Dobäi kéim, datt een ee Joer Zäit huet, fir sech virzebereeden. Fir kleng Produzenten trieden d'Kontrollen an d'Obligatiounen eréischt an engem Joer a Kraaft. 

Firwat awer grad Lëtzebuerg dës Initiativ ënnerholl huet, dat weess och d'Beatrice Wedeux net, a weist sech iwwerrascht.

"D'lescht Woch war eng Versammlung, wou ganz vill ONGen zesummekomm si mat Autoritéite vu Memberstaaten, fir no Léisungen ze siche, fir ze kucken, wéi gi mir elo konkreet mat deem Gesetz ëm. Do war Lëtzebuerg net derbäi. Dat heescht, do huet ee guer keen Echo kritt, dass dat elo zu Lëtzebuerg géif opkachen."

Vu Länner wéi Éisträich an Däitschland hätt ee gewosst, datt sech vun der Säit vun de Bëschbesëtzer staark beklot ginn ass iwwer dat Gesetz, awer op Lëtzebuerger Säit wier dat wierklech eng Iwwerraschung gewiescht.

Dat lescht Wuert huet d'Kommissioun

An engem Communiqué, deen d'Regierung gëschter um Méindeg am spéiden Nomëtteg erausgeschéckt huet, geet rieds vun 19 Länner, déi sech der Propositioun ugeschloss hätten. 

D'Beatrice Wedeux betount awer, datt dat allerlescht Wuert bei der Kommissioun läit.

D'Regierung, d'Ministere kënnen am Fong net d'Decisioun huelen, dat Reglement nees op de Leescht ze huelen. Dat kann nëmmen d'Kommissioun maachen. Géif d'Kommissioun dat maachen, dann op Propositioun vum Christoph Hansen, deen a sengem viregte Liewen als Europadeputéierten de Kompromëss am Fong ausgehandelt hat, opgrond vun deem dat Reglement iwwerhaapt zustane komme konnt.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

play_arrow Lauschteren