arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ungarn boykottéiert EU-Deklaratioun virum Trump-Putin Meeting

STATEMENT VU 26 EU-LÄNNER

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Ungarn boykottéiert EU-Deklaratioun virum Trump-Putin Meeting

26 EU-Länner positionéiere sech am Virfeld vun der Reunioun an Alaska tëscht dem US-amerikanesche President Donald Trump an dem russesche President Wladimir Putin. Ungarn wollt net mat ënnerschreiwen.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Den ungaresche Premier Victor Orban | © picture alliance / dts-Agentur | -
Den ungaresche Premier Victor Orban (Foto: picture alliance / dts-Agentur | -)

Ungarn schléisst sech deem Statement net un, steet kleng gedréckt ënnert dem Text, deen um Dënschdeg de Moien vum Europäesche Conseil publizéiert gouf. D'Land huet sech no der Reunioun vun den EU-Ausseministere vum Méindeg geweigert, en ze ënnerschreiwen.

Ungareschen Ausseminister Szijjarto: EU-Politiker wëllen Trump-Putin Meeting sabotéieren

Hien hätt mam russesche Vizepremier Manturov iwwert de Sommet vum Freideg geschwat, schreift den ungareschen Ausseminister Petter Szijjarto op der Plattform “X”. Fir hie stellt een amerikanesch - russeschen Accord déi bescht Chance fir Fridden duer. Ungarn géif dowéinst déi Reunioun vun den zwee Presidente begréissen. Leider géifen awer pro-Krichs-Politiker aus der EU all Dag virum Freideg notze fir de Wee bis bei de Fridden ze ënnerwanderen an den Erfolleg vum Trump-Putin Meeting ze sabotéieren, sou de Fidesz-Politiker an deem Tweet.

EU-Deklaratioun: International Grenze musse respektéiert ginn

D’Deklaratioun vun de 26 EU-Länner gläicht iwwerdeems där, déi verschidden Europäesch Leaderen e Sonndeg publizéiert haten.

Dem US-amerikanesche President säin Effort fir de Krich op en Enn ze bréngen, gëtt begréisst - et gëtt betount, datt ee Friddensaccord internationaalt Recht, an domat och international Grenze respektéiere muss.

EU-Deputéiert: Wee Russland belount, bréngt europäesch Sécherheet a Gefor

Dat Nämmlecht soe Membere vun der aussepolitescher Kommissioun am Europaparlament an engem Statement de Méindeg.

Wa Russland duerch säin aggressive Krich an der Ukrain belount gëtt andeems et fäerdeg bréngt, d’Ukrainesch Grenzen duerch Gewalt ze veränneren, ass d’Sécherheet vu kengem Land méi assuréiert, heescht et an deem Text - deen ënner anerem vum President vun der aussepolitescher Kommissioun, dem däitschen CDU-Politiker David Mc Allister ënnerschriwwen ass.

Den unkrainesche President Wolodymyr Zelenskyj huet den europäesche Leaderen op “X” Merci gesot fir hire kloere Support fir d’ukrainesch Onofhängegkeet an déi territorial Integritéit. Sou laang Russland de Krich viruféiert, misst den diplomateschen Drock an deen iwwert Sanktiounen oprechterhale ginn.

play_arrow Lauschteren