Radioen

On air

9 bis 1  |  Yvon - Marco

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Drëtte Joresdag vum russesche Krich géint d'Ukrain

Anniversaire

Drëtte Joresdag vum russesche Krich géint d'Ukrain

Viru genee dräi Joer huet Russland seng Invasioun vun der Ukrain gestart. Aus de schonn occupéierten Deeler am Osten an der annexéierter Krim, mee och aus Belarus a Russland selwer sinn d’Zaldoten an d’Ukrain agedrongen. Elo, no dräi Joer Gefechter huet sech eng relativ stabil Front etabléiert. Russland huet, trotz villen Defaiten am éischte Joer vum Krich, huet méi Waffen, méi Munitioun, a méi Leit.

auto_stories

2 min

Een zerschossenen Auto zu Idlib an der Ukrain | © picture alliance/dpa | Jörg Carstensen
Een zerschossenen Auto zu Idlib an der Ukrain (Foto: picture alliance/dpa | Jörg Carstensen)

Et spiert een nees d’Nervositéit, d’Angscht virun der ongewësser Zukunft. Net ze vergläiche mam Schock vu virun dräi Joer, mee en neie Schlëssel-Moment ass erreecht ginn.

Den Donald Trump ass dofir responsabel. Hien hat am Walkampf versprach, hie kéint a 24 Stonnen de Krich tëscht Russland an der Ukrain op en Enn bréngen. Dat ass näischt ginn, mee d’Wäisst Haus seet, datt den US-President eng Léisung sicht an optimistesch ass. D’Takticken déi hie benotzt geheien alles iwwert de Koup: No der Isolatioun vu Russland maachen d’USA Moskau nees d’Dir op a schéngen dem President Wladimir Putin direkt d’Iwwerhand a méigleche Friddensnegociatioune ginn ze hunn. An da gëtt den ukrainesche President Wolodymyr Selenkyj och nach en Diktator genannt an als Responsabele fir de Krich beschriwwen.

D'Ukrain ass op US-Hëllef ugewisen

Do gëtt et de Leit an der Ukrain ganz iwwel. Wéi séier de groussen Alliéierte sech dach verännert huet. D’Ukrain brauch déi amerikanesch finanziell an haaptsächlech militäresch Hëllef déi ënnert dem fréieren US-President Joe Biden garantéiert war. Op der Front gëtt weiderhin haart gekämpft mee et ass een dem russesche Géigner ënnerlee. Moskau huet méi Leit fir an de Krich ze schécken, och Nord-Koreaner bekanntlech, a produzéiert konstant Waffen a Munitioun.

An deem Kontext gëtt elo iwwert méiglech Friddensgnegociatioune geschwat, déi op mannst zu engem Waffestëllstand kéinte feieren. Mee e groussen Deel vun den Ukrainer bleift wéi de President Selenskyj bei den nämmlechte logeschen Demanden. All Gebidder déi vu Russland annexéiert oder occupéiert goufen, zënter 2014 an och an deene leschten dräi Joer, mussen zeréck an ukrainesch Hänn kommen.

D'Ukrain pocht op Sécherheetsgarantien

Den Nationalstolz an der Ukrain ass weiderhi grouss, do deet et wéi, datt tëscht den USA a Russland iwwert d’Ukrain mee ouni d’Ukrain geschwat gëtt. No dräi Joer Krich, iwwer 46,000 doudegen ukraineschen Zaldoten, an dem Selenskyj no, zéng Dausenden doudegen Zivilisten, wëllt d’Ukrain Fridden, jo, mee een dee garantéiert datt Russland net nees an Zukunft ugräift.

Eise Korrespondent Philip Crowther mat Andréck aus der Ukrain

Lauschterenplay_arrow