"Mir si prett”, huet - direkt no der Annonce vum Donald Trump, datt hien de russesche President zu Budapest treffe wäert - den ungaresche Premier Viktor Orban op X lancéiert.
🇺🇸🇷🇺🇭🇺 Budapest is the only suitable place in Europe for a USA–Russia peace summit. With long-standing pro-peace leadership and trusted partnerships, we provide a reliable, secure, and politically stable setting. There was no other option. Simply put: they can count on us! pic.twitter.com/ftQ4n9Slcu
— Orbán Viktor (@PM_ViktorOrban) October 17, 2025
Grouss Freed zu Budapest
Ungarn wier eng Insel vum Fridden, d’Preparatioune fir dee Meeting wieren am gaangen, esou de Viktor Orban. Budapest wier déi eenzeg passend Plaz an Europa, fir esou een USA-Russland Friddens-Sommet.
Eng Renconter zu ausgerechent Budapest, déi Nouvelle huet am Rescht vun der EU keng Freed ausléist.
Dem Viktor Orban seng pro-Putin Astellung suergt scho laang fir Problemer, net nëmmen, well Ungarn konsequent Europäesche Sanktioune géint Russland Steng an de Wee leet.
Internationalen Haftbefeel kéint ignoréiert ginn
Et gëtt een Internationalen Haftbefeel géint de russesche President. Ma et ass dovun auszegoen, datt Ungarn prett ass, deen ze ignoréieren, och wann déi ungaresch Decisioun vun zejoert aus dem Grondvertraag vum Internationale Strofgeriicht zu Den Haag erauszeklammen eréischt am Juni 2026 a Kraaft trëtt.
De Wladimir Putin steet och, genee ewéi de russeschen Ausseminister Sergei Lawarows op der Lëscht vun den europäesche Sanktiounen. Allerdéngs gëllt dat nëmme fir hiert Verméigen.
EU-Fluch-Restriktiounen: Orban kann eng Derogatioun froen
“Et goufen ni ee Rees-Verbuet géint si ausgesprach”, esou e Freideg de Mëtteg eng Spriecherin vun der Europäescher Kommissioun.
Wat a Kraaft ass, sinn EU-Restriktioune géintiwwer Vollen, déi vu Russland kontrolléiert oder enregistréiert sinn. Allerdéngs, sou déi nämmlecht Kommissiouns-Spriecherin, kënnen déi Restriktioune vun engem EU-Memberland opgehuewe ginn.
EU-Kommissioun: All Schratt fir de Fridde gëtt begréisst
Fir de Rescht gouf den imposéierte Meeting tëscht dem Donald Trump an dem Wladimir Putin op europäeschem Buedem vun offizieller Säit virsiichteg gutt geheescht. D’Europäesch Kommissioun steet hannert all Schrëtt, déi zu engem gerechten a laangfristege Fridde fir d’Ukrain féiert, sou de Chefspriecher vun der EU-Kommissioun, den Olof Gil. “Wann déi proposéiert Reunioun deem Zweck déngt, géif d’EU-Institutioun datt begréissen.
Eent ass sécher, ee Meeting zu Budapest géif dem Viktor Orban d’Méiglechkeet, seng sougenannte Friddenspositioun ze ënnermaueren, an et wier eng op de Bak fir d’EU - fir déi den Donald Trump an dëse Negociatioune keng aktiv Roll virgesinn huet.