Fliger vun der EU-Kommissiounspresidentin Zil vu GPS-Stéierung
E Fliger mat der EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen u Bord wier um Sonndegowend iwwer Bulgarien d‘Zil vun enger Stéierung vum Navigatiounssystem GPS ginn. Russland soll dohannert stiechen, dat huet d‘Spriecherin vun der EU-Kommissioun zu Bréissel matgedeelt.
D’EU-Kommissiounspresidentin un der polnesch-bulgarescher Grenz (Foto: EPA/ARTUR RESZKO POLAND OUT)
Déi bulgaresch Autoritéiten hätte confirméiert, datt et beim Virfall ëm sougenannte GPS-Jamming gaangen ass, wou de Reseau vum Satellittesignal gestéiert gëtt.
Den Tëschefall wier awer gutt ausgaangen, de Fliger hätt kënne sécher landen, nodeems de Pilot manuell mat Hëllef vun analoge Kaarten a n der bulgarescher Stad Plowdiw gelant ass.