arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrain-EU-Bäitrëttsprozess bleift blockéiert

EU

|
headphones

3 min

Ukrain-EU-Bäitrëttsprozess bleift blockéiert

D’Ukrain wëll Dänemark bei Anti-Drone-Mesuren hëllefen. Dat huet de Wolodymyr Selenskyj zu Kopenhagen op engem Sommet gesot. Eng Zouso, datt säi Land am EU-Bäitrëttsprozess virukënnt, krut hien net.

headphones

3 min

© EU
(Foto: EU)

Nom Dronenalarm an Dänemark huet d’Ukrain dem Natoland Hëllef offréiert. Wéinst dem russesche Krich hätt säi Land vill Experienz beim Detektéieren an Ofschéisse vun Dronen a wier prett Dänemark bäizestoen. Dat sot den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj op engem Sommet zu Kopenhagen.

An der dänescher Haaptstad kommen haut d’Staats- a Regierungscheffen aus iwwer 40 europäesche Länner zesummen, am Kader vun der sougenannter “Europäescher Politescher Communautéit”, zu där nieft den 27 EU-Länner och eng Partie Staate gehéieren, déi Kandidat sinn, fir Member vun der EU ze ginn.

EU-Kandidatelänner wëllen “Salle d’attente” verloossen

Et ass dee 7. Sommet vun där Europäescher Politescher Communautéit, deen Echange ass wichteg, sou en Donneschdeg de Premier Luc Frieden.

„De But ass et net, Decisiounen ze huelen. De But ass, verschidde Perspektiven aus verschiddene Regiounen ze kréien. An ech fannen déi vun de Kandidatelänner besonnesch wichteg.“

Déi Länner awer wëllen déi Salle d’attente, wéi d’Europäesch Politesch Communautéit heindso genannt gëtt, sou schnell wéi méiglech verloossen.

Den Edy Rama, den albanesche Premierminister ënnersträicht, datt et Zäit ass virunzekommen.

“Et ass elo un de Groussen am Sall net méi ze waarden, ma eis eranzeloossen.”

D’Presidentin vun der Republik Moldau Maia Sandu kënnt mat enger Victoire bei de Walen am Gepäck.

"Mir mussen op deem Wee an d’EU virukommen. D‘Moldawier hu kloer gesot, datt si Deel vun der EU wëlle sinn."

Viktor Orban: “Memberschaft ass ze vill”

“Dat muss esou gemaach ginn, wéi ofgemaach”, sou den ukrainesche President. De Wolodymyr Selenskyj pocht drop, dat säi Land d’Konditiounen erfëllt, fir deen nächste Schratt ze goen.

D’Majoritéit vun den EU-Memberlänner gesäit dat och esou. Ee Land awer, Ungarn bleift beim Nee. Doru léisst scho virun der Reunioun zu Kopenhagen den ungaresche Premier Viktor Orban keen Zweiwel.

“Memberschaft géing heeschen, datt de Krich an d’EU kënnt an eis Suen an d’Ukrain ginn, dat wëlle mir net - dat ass ze vill. Mir proposéieren dowéinst eng strategesch Partnerschaft.” 

De Prozess bleift also blockéiert. Dowéinst gëtt et d’Propos, d’Unanimitéit op d‘mannst fir een techneschen Tëscheschratt opzehiewen.

Lëtzebuerg ass d’accord, seet de Luc Frieden.

„Datt mer kucken, ob mer net kënnen, fir nei Kapitele vun der Negociatioun opzemaachen, ob mer déi net kënnen à majorité qualifiée decidéieren.“

Trotzdeem bleift, datt um Enn all Land musse Jo soen.

Huet een ës net esou lues genuch vum ungareschen Neen?

De Luc Frieden bleift positiv. D’Majoritéit stéing hannert der Ukrain, sou de Premier - hie géing d’Glas éischter méi voll ewéi eidel gesinn.