arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tâchë fir Friddensécherung an der Ukrain goufen ausgeschafft

"Koalitioun vun de Wëllegen"

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Tâchë fir Friddensécherung an der Ukrain goufen ausgeschafft

D'Koalitioun vun de Wëllegen hätt elo e kloert Konzept ausgeschafft, wéi ee Land wéi eng Tâchen am Fall vun enger Friddenssécherung an der Ukrain soll iwwerhuelen. Dat sot de Premierminister Luc Frieden um Donneschdegmëtteg no enger Konferenz tëschent 30 Länner, déi d'Ukrain ënnerstëtzen.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/LUDOVIC MARIN / POOL MAXPPP OUT
(Foto: EPA/LUDOVIC MARIN / POOL MAXPPP OUT)

Mat zu Paräis, wou d'Konferenz war, war och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj. De Lëtzebuerger Premier war iwwer Videokonferenz bäigeschalt.

Wéi genee déi Lëtzebuerger Participatioun géif ausgesinn, wollt de Luc Frieden op Nofro hin aus Sécherheetsgrënn net soen.

"Dat ass d'Aufgab vun der Verdeedegungsministerin an dem Chef d'État major. Mee souwéi och mer schonn an deene leschten Deeg gesot hunn, mir wäerten an där Koalitioun och eis Responsabilitéit iwwerhuelen, zesumme mat aneren, an esou wéi mer dat och an der Vergaangenheet an aneren internationale Konflikter gemaach hunn, mee dorunner schaffe mer nach."

Luc Frieden: Wichtegt Symbol

Et wier elo wichteg, datt ee sech gëeent géif weisen an d'Ukrain och an Zukunft géif ënnerstëtzen, esou nach de Luc Frieden.

„ (…) mee iwwer dee militäreschen eraus, mengen ech, war et wichteg, datt mer eis zesummen nach eng Kéier géife gesinn, besonnesch no deene Biller, déi mer aus China gesinn hunn, eng grouss Konferenz, eng Militärparad, wou eng ganz Rei Länner zesummestounge mam chineesesche President, mee och mam russeschen. An et war wichteg ze weisen, datt och eis Koalitioun vun Europäer, vu Japaner, Amerikaner, Kanadier och zesumme sti fir d'Prinzippien, un déi mir gleewen, déi vum internationale Recht.“

Emmanuel Macron: "Mir si prett"

Och de franséische President Emmanuel Macron huet haut nach eemol ënnerstrach, datt ee prett wier. 26 Länner, dorënner Frankräich, Italien, Däitschland oder och Polen hätten haut confirméiert sech un de Sécherheetsgarantien ze bedeelegen. Dat um Bueden, an der Loft oder um Mier. 

D'militäresch Planifikatioun wier schonn amgaangen, elo misst een och nach déi néideg politesch a juristesch Prozesser an d'Weeër leeden, esou de franséische President. Och d'USA wäerten sech un de Sécherheetsgarantië bedeelegen, sot de Macron. An den nächsten Deeg géing een de Kader vun dësem Engagement finaliséieren.  

Virun der Pressekonferenz gouf et och e Videogespréich mam amerikanesche President Trump. Dem Macron no wier ee mat den Amerikaner bereet nei Sanktioune géint Russland anzesetzen, wa Russland e Friddensdeal weiderhi refuséiert.

Sécherheetsgarantië just am Fall vu Waffestëllstand oder Fridden

De Premier Luc Frieden, genee wéi den Emmanuel Macron hunn nach emol betount, datt esou Sécherheetsgarantien nëmmen am Fall vun engem Waffestëllstand oder Fridden a Kraaft wäerten trieden. Op deem Punkt wier een elo nach net ukomm. Dës Pläng sollen elo als Drockmëttel géint Russland gëllen. 

play_arrow Lauschteren