arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrainesche Verdeedegungsminister op Aarbechtsvisitt

Defense

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Ukrainesche Verdeedegungsminister op Aarbechtsvisitt

Den ukrainesche Verdeedegungsminister Denys Schmyhal huet no sengem Gespréich haut hei zu Lëtzebuerg mat der Verdeedegungsministerin Yuriko Backes (DP) Merci gesot, fir déi Lëtzebuerger Ënnerstëtzung.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

An de leschten dräi Joer hätt Lëtzebuerg d’Ukrain mat militärescher Hëllef fir 260 Milliounen Euro ënnerstëtzt. Fir dëst Joer soll de Budget bei weideren iwwer 90 Milliounen Euro leien, esou den Denys Schmyhal. 

Déi Lëtzebuerger Hëllef fir d’Ukrain géif all Dag Liewe retten net just vun Zaldoten, mee och vun Zivilisten, esou den ukrainesche Verdeedegungsminister Denys Schmyhal bei senger Aarbechtsvisitt zu Senneng.

Russesch Attacken hënt op d'Ukrain

Déi lescht Nuecht hätt Russland op een neits d’Energieversuergung an der Ukrain ugegraff.

„Wéi all Nuecht gouf d’Ukrain vu russeschen Dronen a Rakéiten ugegraff. Dës Nuecht war d’Attack besonnesch hefteg, op eis Energieinfrastruktur, d’Gasfërderung an d’Ëmspannwierker. Alles stoung ënner Attack.“

Zënter dem éischten Dag vum “inacceptabele Krich” vu Russland géint d’Ukrain, stéing Lëtzebuerg op der Säit vun der Ukrain, esou d’Verdeedegungsministerin Yuriko Backes.

„Mir wëssen, datt d’Ukrain Fridde wëllt. Mir wëssen, datt d’Ukrain Gespréichsbereetschaft gewisen huet. Mir gesinn, datt Russland net bereet fir Fridden ass.“

80 Milliounen Euro vum Staatsbudget

Den ukrainesche Verdeedegungsminister Denys Schmyhal huet sech bei sengem Aarbechtsbesuch hei am Land ganz dankbar gewisen, fir déi Lëtzebuerger Ënnerstëtzung fir säi Land.

„Villmools merci un all Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger, un Är Regierung, fir Är Solidaritéit an Är Ënnerstëtzung. Ech si sécher, mit wäerten dëse Krich gewannen an an engem fräien a friddlechen europäesche Kontinent liewen. Villmools merci.“

D’nächst Joer wëllt d’CSV-DP-Regierung d’Ukrain mat am Total 80 Milliounen Euro ënnerstëtzen, hat et bei der Presentatioun vum Staatsbudget d’lescht Woch geheescht.

Zu Bréissel hat d’Yuriko Backes gëschter ugekënnegt, datt Lëtzebuerg sech mat 15 Milliounen Euro um NATO-Programm PURL bedeelegt, fir de gemeinsame Kaf vun US-Waffe fir d’Ukrain.

play_arrow Lauschteren