arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ NATO setzt op méi Sue fir US-Waffen fir d’Ukrain

DEFENSE-REUNIOUNEN ZU BRÉISSEL

|
headphones

2 min

NATO setzt op méi Sue fir US-Waffen fir d’Ukrain

D’USA erhéijen hir militäresch Ënnerstëtzung fir d’Ukrain, nodeems europäesch Länner déi Liwwerunge finanzéieren. Op verschidde Reunioun gëtt haut doriwwer beroden.

headphones

2 min

EU-Kommissär fir Defense a Raumfahrt Andirus Kubilius an d'Defensministesch Yuriko Backes | © MAE
EU-Kommissär fir Defense a Raumfahrt Andirus Kubilius an d'Defensministesch Yuriko Backes (Foto: MAE)

Wann d’europäesch Länner méi an d’Defense investéieren, mussen dovun déi kléng a mëttel Entreprisë profitéieren. Dat war ee Message vun der Lëtzebuerger Defenseministerin Yuriko Backes bei enger Entrevue zu Bréissel mam EU-Kommissär fir d’Verdeedegung, dem Andrius Kubilius.

Backes-Entrevue beim EU-Kommissär fir d’Verdeedegung

Dernieft hätt si den EU-Kommissär och iwwert Lëtzebuerger Projeten am Beräich vun der Satellitte-Kommunikatioun an d’Bild gesat, sou d’Yuriko Backes an engem Communiqué.

Haut ass d’Ministerin op der Reunioun vun den NATO-Defense Ministeren. Do soll ënner anerem iwwert finanziell a militäresch Ënnerstëtzung fir d’Ukrain diskutéiert ginn.

Den NATO-Generalsekretär geet dovun aus, datt europäesch Alliéiert weider Waffeliwwerungen aus den USA fir d’Ukrain finanzéieren. Dat sot de Mark Rutte  de Moie vrun der Reunioun

"Ech ginn dovun aus, datt nach vill aner Länner matmaachen. Et geet em kruzial Saachen, ewéi Loftofwiersystemer, déi wichteg si fir d’Ukrain, fir zivil Bevëlkerung a wichteg Infrastrukturen sou vill ewéi méiglech ze protegéiere géint déi russesch Attacken."

“Purl” soll weider ausgebaut ginn

Den amerikanesche Verdeedegungsminister Pete Hegseth huet dat ënnerstrach

"Eis Erwaardung haut ass, dat nach méi Länner méi akafe fir d’Ukrain - fir datt et eng friddlech Léisung fir dee Konflikt gëtt."

Iwwert d’Initiative mam Numm “Purl” wiere vu Länner ewéi Däitschland schonn zwou Milliarden Euro zougesot ginn, sou de Mark Rutte.

D’Initiative war lancéiert ginn, fir de Fuerderunge vum amerikanesche President Donald Trump nozekommen.

Deen ass dovun iwwerzeegt, datt d’USA an der Vergaangenheet een däitlech ze groussen Undeel bei der Ënnerstëtzung vun der Ukrain gedroen hunn.  

Opbau vum Dronen-Ofwiersystem: Wéi bedeelegt sech d’EU?

Bei der Reunioun vun de NATO-Ministere geet et och drëm, wéi eng Roll d’EU beim Opbau vun engem effikassen Dronen-Ofwier-System un der Ostflank vun der NATO spille kann.

Um Mëttwoch Owend beroden doriwwer ënnert sech d’Verdeedegungsministere vun de 27 EU Memberlänner.

Am Nomëtten ass dann och ënnert der Leedung vum däitschen a vum brittesche Verdeedegungsminister ee Meeting op deem déi weider Militärhëllef dir d’Ukrain soll koordinéiert ginn.

Lëtzebuerg ass bei all deene Reuniounen derbäi a gëtt duerch d’Verdeedegungsministerin Yuriko Backes vertrueden.