De Mark Rutte an d'NATO-Länner hätten dem US-President Donald Trump ze séier no ginn, fir hir Defense-Ausgaben esou séier wéi méiglech esou staark eropzesetzen: Progressiv op 5 Prozent vum PIB (3,5 Prozent direkt an d’Defense an 1,5 Prozent indirekt).
Dat wier net zilféierend a géif virun allem kuerzfristeg dozou féieren, datt déi amerikanesch Rüstungsindustrie vill Sue géif verdéngen, esou de François Bausch. Mee Europa géif doduerch net méi sécher ginn.
Eng solidaresch Finanzéierung
Europa misst sech gemeinsam Ziler setzen an déi dann solidaresch finanzéieren.
Dem fréieren Defenseminister géif virun allem Suerge maachen, datt net kloer wier, wéi déi zousätzlech Verteidegungsausgabe solle finanzéiert ginn. Wann déi nämlech op Käschte vum Sozialstaat géife finanzéiert ginn, da géif et keng Ënnerstëtzung aus der Bevëlkerung ginn.
“An och zu Recht, fannen ech. Da gëtt dat eng Katastroph. An ech mengen, do sinn esou vill Onkloerheeten dran an deem wat op den Dësch geluecht ginn ass. An dat fannen ech e bësse schuet”
De François Bausch géif iwwerdeems perséinlech hoffen, datt d’Europäer sech op dat géife konzentréiere wat si brauchen a wéi si dat solidaresch kéinte finanzéieren. Europa misst sech, an deem internationale Chaos, méi wéi jee selwer organiséieren a kucke sech ze verteidege kënnen, esou nach de François Bausch.