arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Ausseministerconseil: Lëtzebuerg steet weider un der Säit vun der Ukrain

Bréissel

|
headphones

3 min

EU-Ausseministerconseil: Lëtzebuerg steet weider un der Säit vun der Ukrain

Am Virfeld vun der Reunioun e Freideg tëscht dem amerikaneschen an dem russesche President steet d'Debatt iwwert méiglech Oftrennunge vum Territoire vun der Ukrain am Mëttelpunkt. Lëtzebuerg steet weider un der Säit vun der Ukrain, dat deelt de Premier Luc Frieden op der Plattform X mat

headphones

3 min

De Premier Luc Frieden géif all Beméiung, e Waffestëllstand an e gerechten an dauerhafte Fridden ze erreechen, begréissen. Verschidden europäesch Leaderen hate sech am Virfeld vun dësem EU-Ausseministerconseil dofir ausgeschwat, de Prinzip vun den internationale Grenzen net a Fro ze stellen.

Am Fong souz d’Europäesch Unioun nach ni mat um Verhandlungsdësch tëschent dem amerikaneschen an dem russesche President. 

Trump net op d’Féiss trëppelen 

Déi offiziell Linn war ëmmer, datt et keen Accord ouni Europa kéint ginn. Op där anerer Säit gëtt vun alle Säiten evitéiert, dem US-President Donald Trump op d’Féiss ze trëppelen.

Sou och elo - verschidde Leaderen hunn am Virfeld vun der Reunioun vun e Freideg dem Donald Trump Merci fir seng Beméiunge gesot.

Putin: Ukrain soll russesch Annexioun unerkennen

Dem Wallstreet Journal no freet de Vladimir Putin als Konditioun fir ee Friddensaccord, datt ukrainesch Truppen sech aus de Regiounen Donbass, déi d'ukrainesch Arméi aktuell kontrolléiert, zeréckzéien. Dozou soll d'Ukrain déi russesch Annexioun vun Donetsk, Luhansk an der Crime unerkennen. Déi russesch Truppe géifen sech och net aus Regiounen zeréckzéien, déi si den Ament besetzen. Alles dat si Konditiounen, déi direkt vun der Ukrain rejetéiert goufen.

Gemeinsam Deklaratioun

Dat nämlech hu gëschter eng hallef Dosen europäesch Leaderen am Virfeld vun der Reunioun vun e Freideg an Alaska gemaach. An enger gemeinsamer Deklaratioun schwätze sech de franséische President Macron, den däitsche Kanzler Merz, de polnesche Premier Tusk an d’EU-Kommissiounscheffin von der Leyen dofir aus, datt de Prinzip vun den internationale Grenzen net duerch Gewalt ka geännert ginn an datt déi aktuell Linn vun der Front den Ausgangspunkt vun de Verhandlunge misst sinn.

Robust a credibel Sécherheetsgarantie

Am Schreiwes gëtt och festgehalen, datt d'Ukrain robust a credibel Sécherheetsgarantie brauch, fir seng Souveränitéit kënnen effikass ze verdeedegen. Et gëtt och nach eng Kéier verséchert, datt Europa d'Ukrain wäert weider finanziell a militäresch ënnerstëtzen. 

Den Nato-Generalsekretär Mark Rutte huet iwwerdeems géintiwwer dem amerikanesche Sender ABC den Terrain fir Zougeständnisser u Russland gewëssermoosse präparéiert. Et misst een zur Kenntnis huelen, datt Russland een Deel vum ukraineschen Territoire kontrolléiert, sou de Hollänner an deem Interview.

Europäesch Kär-Interête stinn um Spill

Déi europäesch Kär-Interête stinn um Spill, esou d'EU Baussebeoptraagte Kaja Kallas. Si huet betount, datt all Accord tëschent den USA a Russland d'Ukrain an d'EU aschléisse misst - wéi genee sech d'EU do wëll abréngen - doriwwer diskutéieren um Méindeg Mëtteg d'EU Ausseministeren anenge Videokonferenz - fir Lëtzebuerg ass de Xavier Bettel mat derbäi.