arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 4.100 illegal Areesen a Rheinland-Pfalz a Saarland festgestallt

Däitsch Grenzkontrollen

|
headphones

1 min

4.100 illegal Areesen a Rheinland-Pfalz a Saarland festgestallt

Vun de 4.100 illegalen Areese waren der ronn 1.300 aus Lëtzebuerg, 219 aus der Belsch, a ronn 2.600 aus Frankräich, esou nei Zuele vun der Bundespolizei.

headphones

1 min

© EPA/CLEMENS BILAN
(Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

Déi Zuele weisen och, wéi vill Leit bei de Grenzkontrollen nees zeréckgewise goufen. Deemno wieren 869 Leit nees zeréck a Lëtzebuerg geschéckt ginn.
Weider heescht et vun der Bundespolizei: Bei de Kontrolle wiere bis elo am Ganzen 144 Schleiser festgeholl ginn.

Déi däitsch Police preziséiert, d'Zuele wieren nach net definitiv a kéinte sech nach liicht änneren.

Däitschland hat d'Grenzkontrolle viru ronn 11 Méint am September zejoert nees ageféiert. Am Februar goufe se bis de 15. September verlängert. Den Inneminister Alexander Dobrindt huet ugekënnegt, datt hien d'Grenzkrontrollen nach emol wéilt verlängeren.