Radioen

On air

9 bis 1  |  James Blake - Thrown Around

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'CDU/CSU gewannen d'Bundestagswalen, AfD verduebelt Resultat, SPD verléiert staark

Bundestagswalen

D'CDU/CSU gewannen d'Bundestagswalen, AfD verduebelt Resultat, SPD verléiert staark

Nodeems déi virleefeg Schlussresultater publizéiert goufen, deit alles drop hin, datt Däitschland an Zukunft vun enger Koalitioun tëschent Uniounsparteien an SPD regéiert wäert ginn. Dat Ganzt mam Friedrich Merz als Bundeskanzler.

auto_stories

3 min

Friedrich Merz | © picture alliance/dpa/Revierfoto | Revierfoto
Friedrich Merz (Foto: picture alliance/dpa/Revierfoto | Revierfoto)

D'Unionsparteie gi wéi erwaart als stäerkste Kraaft aus de Bundestagswale vum Sonndeg ervir. Mat 28,6 Prozent bleiwe si awer ënner deem, wat si erhofft haten. D'AfD awer huet sech op iwwer 20 Prozent vun de Stëmme verduebelt a kënnt op Plaz zwee. En anere Gewënner vun dëse Wale sinn déi Lénk, déi op 8,8 Prozent kommen.

Schlecht gelaf ass et fir d'Parteie vun der fréierer Ampelkoalitioun. D'SPD huet een historescht schlecht Resultat erreecht, verléiert 10 Prozent a lant bei 16,4 Prozent. Verluer hunn och déi Gréng, wann och net esou staark, wéi gefaart hätt kënne ginn, si behalen 11,6 Prozent. Fir de BSW an och d'FDP ass et iwwerdeems net duergaangen. Si sinn net iwwer 5 Prozent vun de Stëmme komm a sinn domat net am neie Bundestag vertrueden.

Staarkt Resultat vun der AfD

D'AfD huet bei dëser Bundestagswal e staarkt Resultat gemaach, virun allem am Oste vum Land. An de 5 Ost-Bundeslänner kënnt d'AfD iwwer 30 Prozent. Am stäerksten ass d'Partei an Thüringen, mat 38,6 Prozent, am Verglach dozou kënnt d'CDU hei op 18,6 Prozent, an die Linke op 15,3. Prozent. A Sachse kënnt si op 37,3 Prozent. A Brandenburg, wou d'AfD vum Verfassungsschutz als rietsextremistesche Verdachtsfall agestuuft ass, kënnt si op 32,5 Prozent.

Neien däitsche Kanzler wäert de Friedrich Merz ginn, hien huet annoncéiert, bis Ouschteren eng nei Regierung wëllen op d'Bee wëllen ze stellen.

D'AfD-Kandidatin sot de Sonndeg den Owend op der Tëlee, datt hir Hand weider a Richtung Unioun ausgestreckt géif bleiwen.

Staarkt Resultat vun de Lénken, CSU stäerkste Kraaft a Bayern

Och déi Lénk zielen zu de Gewënner. Si hu mat hiren neie Gesiichter Jan van Aken an Heidi Reichinnek en onerwaart gutt Resultat erreecht.

D'CSU gouf mat 37 Prozent a Bayern déi stäerkste Kraaft, kloer virun der AfD, déi hei op 19 Prozent kënnt. Ganz zefridden ass d'CSU awer net, et hat ee sech 40 Prozent erhofft.

Lindner verléisst d'Politik, Scholz net Member vun eventueller nächster Regierung

Bei dëser Bundestagswal gëtt et awer natierlech och Verléierer. Esou huet den FDP-Chef Christian Lindner de Sonndeg den Owend op X confirméiert, datt hie sech aus der Politik wäert zeréckzéien. Scho méi fréi am Owend hat hien an der Berliner Runde säi Réckzuch annoncéiert, falls d'FDP net méi am nächste Bundestag vertruede wier. Dat ass elo de Fall.

Och fir den Olaf Scholz ass et eriwwer. Hie wier net an enger nächster Regierung vertrueden. Dat huet hien de Sonndeg an der Berliner Runde annoncéiert.

BSW verpasst de Bundestag ganz knapps

Knapp derlaanscht goung et och fir de BSW an d'Sahra Wagenknecht. Mat engem Schlussresultat vu 4,97 huet hir Partei d'Barriär vu 5 Prozent knapp verfeelt. Wéi et fir si weidergeet ass aktuell net gewosst.

Am Saarland ass d'CDU stäerkste Kraft, d'SPD kënnt hei op Plaz 2 mat iwwer 21 Prozent, virun der AfD.