Am 100,7-Interview erkläert den SPD-Buergermeeschter vun Tréier Wolfram Leibe, datt säi Wuert duerch seng Positioun als President vun den däitsche Groussstied e bësse méi Gewiicht op Bundesebene hätt, wéi wann hien "nëmme" Buergermeeschter vun Tréier wier. Datt een ëmmer nees d'Problematik vun de Grenzkontrolle misst bannent Däitschland däitlech maachen, erkläert sech de Wolfram Leibe och duerch d'Gréisst vum Land. Dobäi kéint hie sech awer och op säin CDU-Homolog vu Saarbrécken verloossen.
“Die in der Mitte von Deutschland wissen ja oft gar nicht, wie wir im Grenzbereich leben und vor allem, wie wir zusammenleben. Und deshalb habe ich in der Politik gelernt, man muss dranbleiben, man muss es wiederholen und ein starker Partner in der CDU, ein starker Partner in der SPD, wir beide werden nicht müde, es immer wieder zu betonen.”
Eidel Geschäftsflächen: E Problem vun der Gréisst
Datt zu Tréier eng Rei vu Butteker eidel stoe géifen, erkläert de Wolfram Leibe mat der gerénger Gréisst vun deene Geschäftsflächen. Grouss Entreprise favoriséieren och groussraimeg Fläche fir hir Butteker opzemaachen.
Engersäits misst den Eenzelhandel sech ëmstrukturéieren, anerersäits géif een awer och als Stad Tréier probéieren d'Stad esou attraktiv wéi méiglech ze gestalten, sief dat duerch Begréngung, den Opbau vun Openthaltsméiglechkeeten oder Aktioune wéi groussen Ausstellungen. Iwwerdeems géif den Handel sech no a no nees erkréien, beispillsweis andeems attraktiv Produiten ugebuede ginn, esou nach den SPD-Buergermeeschter.
Net manner Lëtzebuerger Visiteure wéi soss
Reng vun den Zuelen hier géifen nach ëmmer esou vill Lëtzebuerger op Tréier akafe komme wéi soss. Do géif ee bei stabille 15 Prozent leien, wéi de Wolfram Leibe erkläert. Un de Statistike kéint een deemno keng Verännerungen observéieren, allerdéngs no Branche. Beispillsweis elektronesch Produite wieren ëmmer eng grouss Ulafstell fir d'Lëtzebuerger gewiescht. Nodeems awer e gréisseren Elektrobuttek zougemaach hätt, géif déi Ulafstell elo feelen.
Änlech Problemer wéi zu Lëtzebuerg - Deiere Wunnraum
Datt ëmmer méi Lëtzebuerger an d'Grenzregioun plënnere géifen, an datt dofir d'Immobiliepräisser zu Tréier géife klammen, kann de Wolfram Leibe net confirméieren. Dofir géifen et aner Grënn ginn.
“Es liegt am knappen Wohnraum. Wir sind die zweitteuerste Grossstadt in Rheinland-Pfalz. Es liegt aber auch an der Attraktivität. Viele Menschen im grossen ländlichen Umfeld von Trier, die älter sind, verkaufen ihre Häuser und ziehen in die Stadt Trier. Wir haben Zuzug in diesem Segment.”
Dobäi kéim dann och nach, datt d'Stad duerch dräi Héichschoulen an elo engem Medezinstudium vill Studentinnen a Studente géif unzéien.
Fir de Problem vu bezuelbarem Wunnraum unzegoe géif een op Fërderungsmëttel zeréckgräifen. Des Weidere géif d'Landesbank attraktiv Prêten ubidden an et hätt een eng eege Wunnengsbaugesellschaft, déi knapp 800 bezuelbar Wunnenge géif ubidden, esou nach den Tréierer Buergermeeschter.