Béides hat den Donald Trump gefuerdert. Schuedenersatz wäert d'BBC awer net bezuelen. Och dat hat den US-President gefuerdert.
Wéinst enger Emissioun iwwer de Stuerm op de Kapitol am Joer 2021 hat den Donald Trump déi Fuerderunge gestallt. D'BBC hat Extraiten aus senger Ried esou zesummegeschnidden, datt een den Androck kritt, datt den Donald Trump direkt zu Gewalt opgeruff hätt.