Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi national Dateschutzkommissioun CNPD warnt virun Deepseek

Keng Garantië wat den Datenschutz ugeet

Déi national Dateschutzkommissioun CNPD warnt virun Deepseek

D‘Notze vun Deepseek géif grouss Bedenke mat sech bréngen – notamment wat d‘Sammelen an den Traitement vun Donnéeën ouni déi néideg Garantien ugeet, heescht et an de Recommendatioune vun der CNPD.

auto_stories

1 min

Deep Seek | © picture alliance / NurPhoto | Artur Widak
Deep Seek (Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak)

Deen neie chineesesche KI-Modell wier zwar fräi um Internet zougänglech mee net fir europäesch Konsumenten entworf ginn.  Notzer sollen dofir ni perséinlech oder vertraulech Donnéeë bei Deepseek präisginn. An Deepseek och net an engem informateschen Ëmfeld installéieren. Dat fir de Risk vun Datefuitten ze limitéieren. Et géif iwwerdeems e Mangel un Transparenz iwwert d‘Gouvernance vun Deepseek an déi méiglech Implicatioun vu staatlechen oder Drëtt-Acteuren an der Gestioun vun den Donnéeën, esou nach d‘CNPD. Notzer sollte léiwer KI-Outile gebrauchen, déi konform mat den EU-Reglementatioune sinn.