arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Shutdown an den USA ass eriwwer

no zéie Verhandlungen

|
headphones

1 min

De Shutdown an den USA ass eriwwer

Den US-President Donald Trump huet an der Nuecht op en Donneschdeg den Iwwergangsbudget ënnerschriwwen, dee virdru vum Representantenhaus gestemmt gouf. Dëse Shutdown huet 43 Deeg gedauert, a war domat de längsten an der Geschicht vun den USA. Eng Zäit an där d‘Regierungsgeschäfter brooch loungen.

headphones

1 min

Den Donald Trump mam Budgetskontrakt | © EPA/BONNIE CASH / POOL
Den Donald Trump mam Budgetskontrakt (Foto: EPA/BONNIE CASH / POOL)

Honnertdausenden Mataarbechter:inne vun Administratioune krute keng Pai, Millioune Leit krute keng Liewensmëttelhëllef, dausende Flich goufe gestrach, well d‘Fluglotsen net bezuelt goufen.

Den Iwwergangsbudget iwwert dee Republikaner an Demokraten sech eens goufen, leeft bis den 31. Januar, da kéint de Sträit erëm vu vir ugoen.