arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staatsvisitt vum Donald Trump a Groussbritannien

Invitatioun vun der Monarchie

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Staatsvisitt vum Donald Trump a Groussbritannien

Den Donald Trump ass de Mëttwoch an Donneschdeg op Staatsvisitt a Groussbritannien. Do gëtt hie mat enger spektakulärer Charmeoffensiv vum King Charles an dem Premier Keir Starmer begréisst. Et geet der Regierung haaptsächlech dorëms nei amerikanesch Investitiounen ze sécheren.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Den US-President Donald Trump an d'First Lady Melania Trump | © EPA/BONNIE CASH / POOL
Den US-President Donald Trump an d'First Lady Melania Trump (Foto: EPA/BONNIE CASH / POOL)

Et ass en historeschen Dag, well virum Donald Trump gouf nach kee Staatschef eng zweete Kéier vun der brittescher Monarchie op eng Staatsvisitt agelueden. A Groussbritannie rullt dem Donald Trump de rouden Teppech aus: Zu Windsor wäert hien zesumme mat der First Lady an der kinneklecher Famill zu Mëtteg iessen, mat enger Kutscheprossessioun iwwer d'Grondstéck vu Windsor Castle fueren an owes gëtt et ee pompööst Staatsbanquet mat ronn 150 Gäscht.

Den Donneschdeg ass den Donald Trump op Chequers, dem Landsëtz vum Premier Keir Starmer, agelueden.

Dem US-President schmeechelen

De Public wäert den amerikanesche President net ze gesi kréien an zu London ass den Donald Trump och net. D‘brittesch Regierung ass sech bewosst, wei onbeléift den US-President ass. Et geet hir drëm, déi besonnesch Relatioun tëschent den zwee Länner ze fleegen an dem Donald Trump ze schmeechelen.

An dat geet am beschte mam King Charles. Den Donald Trump ass jo bekanntlech e grousse Fan vun der Monarchie an dës historesch Invitatioun soll och dozou bäigedroen hunn, datt Groussbritannie bei den US-Stroftaxe besser ewechkoum wéi d‘EU. 

Grouss Investitioune vun Tech-Entreprisen erwaart

Bei dëser Staatsvisitt sinn och Cheffe vun amerikaneschen Tech-Entreprisë wéi OpenAi an Nvidia mat dobäi. Et gëtt erwaart, datt Investitiounen ugekënnegt ginn. Google huet well annoncéiert, datt d‘Firma ronn 5 Milliarde Pond an England investéiere wäert.

Obschonn dës Staatsvisitt bis an de leschten Detail geplangt gouf, ass se net ouni Risiken. De Keir Starmer huet nämlech viru Kuerzem säin Ambassadeur zu Washington entlooss nodeems bekannt gouf, wei enk dee mam Pedophil Jeffrey Epstein befrënnt war. 

Et ass e grousst Theema a Groussbritannien, dat op der Pressekonferenz en Donneschdeg sécherlech opgegraff gëtt, a wouriwwer de Keir Starmer an den Donald Trump allebéid wuel kaum schwätze wëllen. 

 

play_arrow Lauschteren