D’Entrevue kéint sech dem Wladimir Putin no an de Vereenegten Arabeschen Emiraten ofhalen. Fir eng Entrevue mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj wier et den Ament awer nach ze fréi.
Ukrain hofft op "couragéis" Approche vu Russland
Dee verlaangt sengersäits direkt Gespréicher mam russesche President. D’Ukrain géif net fäerten, fir sech mat Russland ze treffen an ze verhandelen. Et géif een hoffen, datt de Kreml genau esou eng "couragéis" Approche hätt.
Léisunge fir en Enn vum Krich kéinten nämlech nëmmen an direkte Verhandlungen op héchstem Niveau erreecht ginn, esou de Selenskyj.
Mee de Wladimir Putin bremst: Fir de russesche President wier et nach net de richtegen Zäitpunkt fir eng Entrevue mam ukrainesche President: Et misste fir d’éischt nach eng Partie Konditiounen erfëllt ginn. Et géif ee sech awer net virun enger Entrevue mam Wolodymyr Selenskyj verschléissen.
En Treffen an der Wüüst?
Fir d’éischt steet an den nächsten Deeg eng Entrevue tëschent dem Putin an dem US-President Donald Trump un. Wéini déi soll sinn ass nach net gewousst. De russesche President huet awer schonn um Bord vun engem Treffe mam emiratesche President Mohammed bin Sajid ugedeit, datt de Sommet an de Vereenegten Arabeschen Emirate kéint stattfannen.
En Dräiergespréich tëschent den USA, Russland an der Ukrain soll dann eréischt no der éischter amerikanesch-russescher Entrevue iwwer d’Bün goen.
Donald Trump: De Kreml huet scho puer Mol enttäuscht
Den Donald Trump hat dem Kreml en Ultimatum gestallt, dee muer ofleeft: Et misst een e Waffestëllstand akzeptéieren, soss misst Russland mat enger honnertprozenteger Douanestax op russesch Uelegimporter rechnen.
Gläichzäiteg huet den US-President awer och zouginn, datt hie scho méi wéi eng Kéier vum Kreml enttäuscht gi wier wat d’Verhandlunge vun engem Waffestëllstand ugeet.