arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump: Wäert de Freideg keen Deal mat Russland maachen

Krich an der Ukrain

|
headphones

1 min

Donald Trump: Wäert de Freideg keen Deal mat Russland maachen

Den Donlad Trump huet d‘Erwaardunge fir dat geplangte Gespréich mam Vladimir Putin e Freideg erofgeschrauft: Et wier e Sondéierungsgespréich, an net seng Missioun fir een Deal ze maachen, esou den US-President am Wäissen Haus.

headphones

1 min

Donald Trump | © picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
Donald Trump (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)

De Méindeg hat den US-amerikanesche President nach e méiglechen Tosch vun Territoiren tëschent Russland an der Ukrain an d'Gespréich bruecht, d'Ukrain hat dat direkt an op en Neits vehement refuséiert.

Elo schwätzt den Donald Trump vu Sondéierungsgespréich. Wann sech awer e fairen Deal ofzeechnen géif, da wéilt hien déi europäesch Partner - EU, Nato an Ukrain - doriwwer a Kenntnis setzen. Hien wéilt op jiddefalls keen Deal mam russesche President Vladimir Putin aushandelen. 

Wolodymyr Selenskyj appelléiert un d'EU  

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj hat de Méindeg op enger Videokonferenz vun den EU-Ausseminister en Appell gemaach, net op d'Fuerderunge vu Russland anzegoen.

No där Videokonferenz vun den Ausseministeren huet déi europäesch Chefdiplomatin Kaja Kallas annoncéiert, datt d'EU en 19. Sanktiounspak géint Russland preparéiert. Muer um Mëttwoch soll et e Videogespréich vun den Europäer mam Donald Trump an dem Woldymyr Selenskyj ginn.