arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nott vum Donald Trump un den Jeffrey Epstein soll opgetaucht sinn

Affär Epstein

|
headphones

1 min

Nott vum Donald Trump un den Jeffrey Epstein soll opgetaucht sinn

Den US-President Donald Trump ass weider mat der Affär ëm de fréiere Banker a verurteelte Sexualverbriecher Jeffrey Epstein konfrontéiert. D'Demokraten hunn elo eng Kopie vun enger Nott publizéiert, vun där gesot gëtt, den Donald Trump hätt dem Jeffrey Epstein déi fir säi Gebuertsdag geschriwwen.

headphones

1 min

En Demonstrant virum US-Kapitol zu Washington  | ©  EPA/WILL OLIVER
En Demonstrant virum US-Kapitol zu Washington (Foto: EPA/WILL OLIVER)

D'demokratesch Partei huet d'Nott op X publizéiert. Ze gesinn ass do ënnert Anerem e plakege Kierper vun enger Fra, an drënner dem Donald Trump seng Ënnerschrëft. Et ass awer net kloer, ob déi original ass. Den US-President dementéiert datt hien den Auteur vun der Nott ass.