arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geriichtsurteel: Abezéie vun Nationalgard vum Donald Trump war illegal

Los Angeles

|
headphones

1 min

Geriichtsurteel: Abezéie vun Nationalgard vum Donald Trump war illegal

D'Decisioun vum Donald Trump fir Zaldoten vun der Nationalgard op Los Angeles ze schécke war illegal. Zu deem Urteel kënnt elo ee Geriicht zu San Francisco.

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Aaron Schwartz
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Aaron Schwartz)

Den Donald Trump wier a sengem Pouvoir ze wäit gaangen a misst elo d'Kontroll iwwer d'Nationalgard nees zeréck un déi kalifornesch Regierung ginn, heescht et weider an der Argumentatioun. D'US-Regierung huet schonn annoncéiert an Appell goen ze wëllen.

Wéinst deels heftege Protester zu Los Angeles géint d'Migratiounspolitik hat den US-President Donald Trump d'Mobiliséierung vun der Nationalgard decidéiert.