arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump kritiséiert UNO als Institutioun

80. UNO-Generaldebatt

|
headphones

1 min

Donald Trump kritiséiert UNO als Institutioun

Den US-President Donald Trump huet a senger Ried, wéi erwaart, d'Länner, dorënner och Lëtzebuerg, kritiséiert, déi de Palästinensesche Staat offiziell unerkannt hunn. Ouni awer eent vun deene Länner eenzel ze nennen.

headphones

1 min

US-President Donald Trump bei der 80. UN-Generaldebatt | ©  EPA/LUKAS COCH
US-President Donald Trump bei der 80. UN-Generaldebatt (Foto: EPA/LUKAS COCH)

Vum Philip Crowther vun New York, fir den 100,7

A senger Ried huet den US-President op en Neits d'Positioun vun den USA ervirgehuewen, nämlech datt eng Unerkennung vu Palästina eng Belounung fir d'Hamas wier. Domat deelt den d'Donald Trump d'Positioun mat Israel. 

Fir hie kéint eréischt iwwer eng méiglech Wafferou am Noen Oste geschwat ginn, wann alleguer d'Geiselen, déi de 7. Oktober 2023 vun der Hamas gefaange geholl goufen, fräigelooss ginn. 

"America First"

Alles an allem stoung dem Donald Trump seng Ried ganz am Zeeche vun "America First". Hien huet sech iwwerdeems op seng grouss Succèsen a senger zweeter Amtszäit beruff. 

Den US-President Donald Trump huet a senger Ried och der UNO als Institutioun schwéier Virwërf gemaach a behaapt, datt se kaum Problemer léise kéint. Donieft huet hie behaapt, datt de Klimawandel déi gréisst weltwäit Arnaque jee wier. An datt d‘EU-Staate wéinst hirer Migratiounspolitik "riicht an d‘Hell" géife goen. D‘Unerkennung vu Palästina als Staat huet hien iwwerdeems als eng Belounung fir déi grausam Dote vun der Terrororganisatioun Hamas bezeechent.