Den Donald Trump mëscht sech an d'Personalpolitik vun Zentralbank an a verëffentlecht den Entloossungsbréif op senger Plattform Truth Social.
Hie schreift do, et géife genuch Grënn gi fir unzehuelen, datt déi entloosse Gouverneurin Lisa Cook bei privaten Immobilieprête falsch Informatiounen uginn hätt. Si hat rezent wéinst Virwërf vun Onreegelméissegkeete bei Kreditter fir Immobilie fir negativ Schlagzeile gesuergt.
Scho virun Deeg hat den Trump der Press gesot, wann d'Lisa Cook net géif zerécktrieden, géif hie si entloossen.
Déi éischt schwaarz Persoun am Rot
D'Lisa Cook gouf am Mee 2022 vum Joe Biden ernannt. Si war déi éischt schwaarz Fra am Gouverneursrot vun der Zentralbank.
Dem Trump seng Entscheedung kann nach juristesch bekämpft ginn.
Eskalatioun vun Trump-Iddien
Den Donald Trump probéiert zënter Méint Drock op déi onofhängeg Zentralbank ze maachen, fir datt si de Leetzëns erofsetzt. D'Federal Reserve zéckt awer dat ze maachen, well si fäert, datt d'Inflatioun duerch dem Trump seng Douanestaxe-Politik kéint klammen.
Den Trump huet schonn e puermol gefuerdert, de Jerome Powell misst als President vun der Federal Reserve zerécktrieden.