Dat well ee Reportage vun der BBC iwwer dem Donald Trump seng Ried vum 6. Januar 2021 esou zesummegeschnidde ginn war, datt een dem Trump seng Aussoe falsch interpretéiere konnt. Dem Donald Trump seng Affekote fuerderen, datt d‘BBC d‘Reportage an all "verleumderesch Aussoen" bis e Freideg zeréck hëlt, sech entschëllegt a Schuedenersatz bezilt.
D‘BBC préift d‘Schreiwen, heescht et. An der Suite vum Reportage haten de BBC-Direkter Tim Davie an d'Chefredaktesch Deborah Turness um Sonndegowend demissionéiert.