An enger Drénglechkeetssëtzung vun der UN-Vollversammlung gouf d‘Gewalt an der Groussstad Al-Faschir zwar verurteelt, zu enger Resolutioun koum et awer just mat enger Enthalung vun eenzele Länner. D‘Resolutioun fuerdert méi humanitär Hëllef, grad wéi eng Enquête wéinst méigleche Mënscherechtsverletzungen.
Ënner anerem China an de Sudan hunn sech géint eng onofhängeg Enquête ausgeschwat.