arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parquet freet iwwer 2.300 Joer Prisong fir de Buergermeeschter vun Istanbul

Tierkei

|
headphones

1 min

Parquet freet iwwer 2.300 Joer Prisong fir de Buergermeeschter vun Istanbul

Den Ekrem Imamoglu gouf virun aacht Méint wéinst Terror a Korruptiounsvirwërf festgeholl an ofgesat. Hie gëllt als Konkurrent vum aktuellen tierkesche President Recep Tayyip Erdogan. Zënterdeem sëtzt hien an Untersuchungshaft.

headphones

1 min

Demonstranten zu Istanbul fuerderen d'Fräiloossung vum Ekrem Imamoglu (Mee 2025) | © EPA/ERDEM SAHIN
Demonstranten zu Istanbul fuerderen d'Fräiloossung vum Ekrem Imamoglu (Mee 2025) (Foto: EPA/ERDEM SAHIN)

Den Ekrem Imamoglu huet d‘Virwërf ëmmer ofgestridden. Kritiker gesinn d‘Virgoe vun der Regierung géint de populären Oppositiounspolitiker a Géigner vum President Recep Tayyip Erdogan als ee geziilte Versuch fir déi stäerkst Oppositiounspartei am Land auszeschalten.

D‘Festnam vum Imamoglu hat déi gréisst Protester zënter iwwer 10 Joer an der Tierkei ausgeléist.