39 Prozent ginn op de meeschte Produiten aus der Schwäiz erhuewen, dat obwuel déi lescht Deeg extra eng Schwäizer Delegatioun op Washington gereest war, fir e besseren Deal erauszeschloen.
Et schéngt tatsächlech esou ze sinn, datt déi Delegatioun näischt erreecht huet, op allefall gëllen déi 39 Prozent Taxen och weider. Dat wier onfair, mee hie gleeft net drun, datt dat fir déi Schwäizer Wirtschaft katastrophal wäert sinn, seet de Peter Fischer, Chefekonomist vun der NZZ, der Neue Zürcher Zeitung.
Fir déi concernéiert Firme wäert et allerdéngs haart ginn. Si wäerten entweder hir Präisser mussen erofsetzen an et wäerten Aarbechtsplaze verluer goen. Vläicht mussen eenzel Firmen och versiche hirt ganzt Geschäft an d'USA ze verlageren, wat Marge géif kaschten.
Éischter Stagnatioun wéi Rezessioun
Den Expert relativéiert awer och: Nëmme ronn 16 Prozent vun den Exporter géif an d'Schwäiz exportéiert ginn, iwwer d'Hallschent ginn an d'EU. D'Hallschent vun de Schwäizer Exporter sinn iwwerdeem Déngschtleeschtungen, déi vun Taxen ausgeholl sinn. Vun deenen aneren 8 Prozent wieren d'Hallschent Pharmaproduiten, déi och net vum Accord mat den USA viséiert sinn.
Hien hätt och d'Hoffnung, datt d'Situatioun mat den héijen Taxen net éiweg dauere wäert. Ee groussen Deel vun der Schwäizer Exportwirtschaft wier sou fit, datt ee se trotzdeem géif brauchen.
"Das SECO-Wirtschaftsdepartement hat mal geschätzt, dass es wohl 0,5 Prozent des Bruttoinlandprodukts kosten würde, wenn der schlimmste Fall eintreten würde. Also, wir sprechen von etwa 1,2 Prozent für dieses Jahr. Es dürfte in diesem Jahr also eher zu einer Stagnation als zu einer Rezession kommen. Und es wird dann sehr darauf ankommen, wie das weiter geht."
"Den Donald Trump wollt een Exempel statuéieren"
Déi héich Taxe géife weisen, datt ee klengt Land verletzlech ass an enger Welt, déi op Muechtpolitik berout. Et weist och, wéi wichteg eng reegelbaséiert Welt a gutt Bezéiungen zur EU sinn.
D'Schwäiz wier mat 40.000 Dollar pro Kapp de sechstgréissten Investor an d'USA. Den Handelsbilanziwwerschoss wier och quasi ausgeglach, wann een d'Déngschtleeschtungen an d'Gidder géinteneen opweit. Dem Journalist no gëtt et deemno kee Grond, fir d'Schwäiz sou ze bestrofen "ausser datt den Donald Trump een Zeeche setze wollt".