Den Delai fir Géigen-Taxen anzeféieren, gouf nach emol verlängert, huet d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen annoncéiert.
D'Géigemesuren, déi muer, Dënschdeg, sollten ufänken, waren als Reaktioun op déi amerikanesch Taxen op Stol an Aluminium Importer aus der EU decidéiert ginn. D'Mesuren, déi US-Wueren am Wäert vun 21 Milliarden Euro betreffen, waren am Mäerz schonn eng Kéier suspendéiert ginn.
Den amerikanesche President Donald Trump hat um Samschdeg Douanestaxe vun 30 Prozent vum August u fir Wueren aus der EU ugekënnegt.
Zu Bréissel kommen um Méindeg d'EU-Handelsministeren zesumme fir doriwwer ze beroden. Lëtzebuerg ass duerch den Ausseminister Xavier Bettel vertrueden, dee fir den Aussenhandel zoustänneg ass.