Wat déi vum US-President Donald Trump ugekënnegt zousätzlech Import-Taxe fir Wueren aus aacht EU- an NATO-Memberstaaten ugeet, huet d’Ursula von der Leyen eng Reaktioun mat Aemooss ugekënnegt. An d’Presidentin vun der EU-Kommissioun huet dës Kritik un d’Adress vum Donald Trump formuléiert.
"An dofir sinn déi virgeschloen zousätzlech Douanestaxen e Feeler, besonnesch tëscht laangjäregen Alliéierten. D’Europäesch Unioun an d’Vereenegt Staaten hunn am leschte Juli en Handelsaccord ofgeschloss. An an der Politik, grad ewéi an der Wirtschaft, gëllt: en Accord ass en Accord. A wa Frënn sech d’Hand ginn, da muss dat och eppes bedeiten."
D’Presidentin vun der EU-Kommissioun Ursula von der Leyen huet zu Davos iwwerdeems gesot, datt geopolitesch Schocken eng Chance fir Europa misste sinn, fir eng nei Form vun europäescher Onofhängegkeet opzebauen: Europa misst seng Onofhängegkeet an alle Beräicher virun dreiwen.