arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee wuel knappe Vott haut am Europaparlament iwwer d'Préiwe vum Mercosur-Accord virum EUGH

ëmstriddenen Handelsaccord

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Ee wuel knappe Vott haut am Europaparlament iwwer d'Préiwe vum Mercosur-Accord virum EUGH

D’Europaparlament stëmmt haut um Mëttwoch driwwer of, ob den aktuelle Mercosur-Deal, esou wéi en elo um Dësch läit an e Samschdeg ënnerschriwwe gouf, soll vum Europäesche Geriichtshaff gepréift ginn. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Greenpeace-Aktioun zu Mercosur | © EPA/OLIVIER HOSLET
Greenpeace-Aktioun zu Mercosur (Foto: EPA/OLIVIER HOSLET)

Et wéilt een erausfannen, ob den Handelsaccord géint europäescht Fonctionnement verstéisst, erkläert déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz am 100,7-Interview. Si ass eng vun de ronn 150 Europadeputéiert, déi d’Demande fir eng Plainte beim Europäesche Geriichtshaff mat ënnerschriwwen hunn. 

Och wann déi geopolitesch Situatioun duerch déi rezent Drounge vum US-President Donald Trump d’EU virun Erausfuerderunge stellt, géif een "schlecht Handelsofkommes" d’EU net besser positionéieren, ass d’Tilly Metz iwwerzeegt 

“Wann een aus Angscht handelt oder aus Panik, dat ass e schlechte Beroder an der Politik. Mir denken, datt dee Mercosur-Handelsofkommes net eis europäescht Fonctionnement respektéiert, datt dat eng Attack op d'europäesch Entscheedungsfräiheet ënner anerem ass

Charles Goerens huet seng Meenung geännert

D’Demande, fir virun den Europäesche Geriichtshaff ze zéien, huet de Charles Goerens zwar mat ënnerschriwwen, mee mëttlerweil hätt hie seng Meenung geännert, esou den DP-Europadeputéierten. Dat nodeems hien Erklärunge vun der Europäescher Kommissioun krut, déi fir hien eng Iwwerpréiwung virum Europäesche Geriichtshaff net méi néideg maachen. Dobäi kéim een neie Moment.

"Nämlech deen, datt d'Europäesch Unioun muss reagéieren op dem Trump seng invasiv Haltung a Latäinamerika."

Op hien um Enn och fir de Mercosur-Accord stëmme wäert?

"Ech sinn 90 Prozent determinéiert, fir den Accord do ze stëmmen”

Vott kéint eng knapp Affär ginn

De Marc Angel war ufanks skeptesch par rapport zum Mercosur-Handelsofkommes. Viru Geriicht sollt een elo net goen, esou den LSAP-Europadeputéierten. Et wier net de Moment, fir Zäit ze verléieren.

"Well ech wëll net, datt d'latäinamerikanesch Mercosur-Länner soen, okay, dann ass elo China hei. An et ass am Fong aus där geopolitescher Taktik, wou een och muss elo endlech Faarf bekennen."

De Vott haut kéint ganz knapp ausfalen, esou d’Aschätzung gëschter an de politesche Fraktiounen.

Vu Lëtzebuerger Säit wäerten d’Tilly Metz an den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser dofir stëmmen. Nieft dem Marc Angel an dem Charles Goerens sinn d’CSV-Deputéiert Martine Kemp an Isabel Wiseler-Lima dogéint, datt den Text vum Europäesche Geriichtshaff gepréift gëtt. 

play_arrow Lauschteren