Déi nei Reegele mussen nach formell vu béiden EU-Institutiounen ugeholl ginn, ier se kënnen a Kraaft trieden. Am Europaparlament gëtt et iwwerdeems Kritik, si géingen net wäit genuch goen.
Fir datt virun allem um Land boer Suen nees besser accessibel sinn, sollen an Zukunft Geschäfter dierfen de Clienten d’Ophiewe vun 100 bis 150 Euro offréieren - ouni datt si dofir eppes kafe mussen. Dat soll deene Leit hëllefen, déi net direkt ee Bankomat an der Géigend hunn.
Fraisen, déi entweder beim Ophiewen oder beim Akaf mat enger Kaart ufalen, mussen den neie Reegelen no méi transparent annoncéiert ginn.
Payements-Servicer mussen iwwerpréifen, ob Numm a Kontosnummer iwwereneestëmmen
Fir Bedruch méi schwéier ze maachen, misste Payements-Servicer an Zukunft iwwerpréifen, ob de Numm an d’Kontosnummer vum Empfänger och iwwereneestëmmen, ier datt eng Iwwerweisung kann duerchgefouert ginn. Dat hu vill Banke schonn esou ëmgesat.
Elo awer soll d’Protektioun fir Verbraucher:innen eropgesat ginn. Wann d’Servicer Bedruchsfäll net virgräifen, musse si dem Client de volle Montant zeréckbezuelen, wann deen d’Fraude bei der Police mellt.
Online-Plattforme ginn och méi staark responsabiliséiert - Kritik aus dem EU-Parlament
Och Online-Plattforme gi méi staark responsabiliséiert. Si géifen an Zukunft géintiwwer de Banken haften, wann déi Clientë rembourséiert hunn, an d’Plattform awer virdrun iwwer zweifelhaft Offeren informéiert gi war, ouni se erofgeholl ze hunn.
Hei gëtt et och Kritik aus dem Europaparlament. Déi Responsabilitéit fir Online-Plattforme wier net breet genuch definéiert, soen zum Beispill déi Gréng am Europaparlament. Do wier d’Geleeënheet verpasst ginn, d’Konsumente genuch ze schützen.