D'Erwaardungen un d'Gespréicher zu Peking kéinte bal net méi niddereg sinn. De Sommet stoung vu vireran net ënner gudden Zeechen.
Eigentlech hätt d'Reunioun dem Turnus no missen zu Bréissel sinn, de chineesesche President Xi Jinping huet d'Invitatioun awer net ugeholl. Um Enn gouf decidéiert, datt d'Bréisseler Spëtzte sech a China deplacéieren.
Stëmmung wéinst EU-Sanktiounen nach méi schlecht
Zënter leschte Freideg gouf d'Stëmmung weider méi schlecht, nodeems d'EU nei Sanktioune géint Russland verhaangen huet, wouran och chineesesch Entreprisen an zwou Banke viséiert sinn, well si der EU no de russesche Krich direkt oder indirekt ënnerstëtzen.
Peking huet vun erfonnten Accusatioune geschwat an e Méindeg mat Géigemesurë gedreet.
EU-Taxen op E-Autoen a chineesesch Géigentaxen op Cognac
Scho virdru war d'Ambiance net entspaant, de Sommet, dee schonn zanter Méint preparéiert gëtt, gouf vun zwee Deeg op een Dag verkierzt. Trotzdeem huet ee sech zu Bréissel beméit, de Rendez-vous zu Peking als net manner wichteg wéi ursprünglech geplangt ze verkafen.
Déi Europäesch Unioun huet wëlles, den Handelsdefizit par Rapport zu China ze thematiséieren.
De Sujet ass kriddeleg. Well China seng Industrie subventionéiert, huet d'EU Stroftaxen op elektresch Autoe verhaangen. China huet sengersäits mat Taxen op franséischem Cognac reagéiert.
Keng gemeinsam Ofschlossdeklaratioun
D'EU erwaart sech och, datt China konkreet Engagementer am Klimaschutz mécht, éier ee prett wier eng gemeinsam Erklärung um EU-China-Sommet ze ënnerschreiwen.
E Méindeg virun enger Woch waren d'Vizepresidentin vun der Kommissioun Teresa Ribera an den EU-Kommissär fir de Klimaschutz Wopke Hoekstra genee wéi dee fir d'Energie, den Dan Jörgensen, zu Peking am Kader vum sougenannten EU-China-Dialog iwwer Ëmwelt a Klima.
Ursprünglech war ee gemeinsamen Text, eng Zort Ofschlossdeklaratioun iwwer gemeinsam Ambitioune bei Klimaschutzmesuren, virgesinn. Dat gouf awer falegelooss.
D'EU fäert hei och, datt esou een Text deemno wéi zu Washington net gutt ukéim.
Déi Europäesch Unioun stécht bekanntlech matzen a Verhandlunge mat den USA iwwer Stroftaxen, déi den 1. August kéinten a Kraaft trieden.