arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Majoritéit fir d'Bazooka war do"

EU-SOMMET

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

"Majoritéit fir d'Bazooka war do"

Den EU-Sommet gouf net ofgeblosen, nodeems den amerikanesche President Donald Trump seng Menace fir zousätzlech Douanestaxen zeréckgezunn huet. De “New normal” an den transatlantesche Relatioune soll do Thema sinn. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
USA EU Fändel | © Bigstock
USA EU Fändel (Foto: Bigstock)

Trotz deenen Nouvellë wier et wichteg, déi Reunioun ze hunn, esou een EU-Diplomat am Virfeld vum Sommet. D’EU misst sech deem “New normal” an den transatlantesche Relatioune stellen.

Handels-Bazooka bleift gelueden

Et wier ee prett gewiescht, Mesurë géint d’USA ze huelen - esou verschidden Diplomaten um Donneschdegnomëtteg - déi néideg Majoritéit wier do gewiescht, esouguer fir dat stäerksten Instrument anzesetzen - also dat sou genannten Anti-Coercitiouns-Instrument oder och Handels-Bazooka. 

Wat déi meescht iwwerzeegt hätt, wier de Fait, datt hei effektiv ee Fall vu Coercitioun - also Nötëgung virläit - well d’USA den Handel benotze wollte fir eng politesch Decisioun erbäizeféieren - nämlech hire Wonsch Grönland ze kréien, duerch Douanestaxen duerchzesetzen. 

Dat ass elo vum Dësch, d’Handels-Bazooka awer bleift gelueden - esou de Message, dee kéint vun dësem EU-Sommet ausgoen. Wann och warscheinlech éischter zeréckhalend - et wëll een op eng ferme Aart a Weis, mee och roueg reagéieren, heescht et. 

NATO-Trump-Accord iwwert Grönland bleift nach flou

De Mark Rutte huet de Conseils-President Antonio Costa gebrieft - Detailer awer iwwert deen Deal tëscht dem Nato-Generalsekretär an dem amerikanesche President sinn awer net bekannt. Déi meescht hei soen, datt dat wat ee bis elo weess, net iwwert dat erausgeet, wat Dänemark an d’NATO souwisou schonn den USA offréiert haten. 

Vill Froen iwwert de "Friddensrot"

De Friddensrot, deen dem amerikanesche President no soll den Iwwergank an der Gazasträif nom Enn vum Krich iwwerwaachen, soll och ee Sujet den Owend sinn. Do géif et nach vill Froen, esou eng EU-Source. Net kloer ass, ob déi haut an hei kënne gekläert ginn. 

Mercosur: Lëtzebuerg ass fir ee provisorescht Ëmsetzen

An da geet et um Bord och ëm de Mercosur-Handelsaccord - nodeems gëscht d’Europaparlament decidéiert huet, den Text vum Europäesche Geriichtshaff iwwerpréiwen ze loossen, gëtt et de Wonsch, den Accord trotzdeem provisoresch a Kraaft ze setzen.

Lëtzebuerg ass dofir, esou een Diplomat - d’EU-Kommissioun, déi dofir zoustänneg ass, kéint nach den Owend vun de Memberlänner e Mandat kréien, dat Néidegt ze maachen, fir den Accord effektiv virleefeg a Kraaft ze setzen. 

play_arrow Lauschteren